Actualités

Nei Lecture fir de Lëtzebuergeschunterrecht

Nei Lecture fir de Lëtzebuergeschunterrecht
12/06/2023

Am Joer 2022 huet de SCRIPT fir d’éischte Kéier de Kanner- a Jugendliteraturpräis ausgeschriwwen, bei deem Lëtzebuerger Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller Erzielunge fir Kanner a Jonker konnten areechen.

Déi dräi Texter, déi an der Kategorie fir Jonker vum Jury zeréckbehale goufen, sinn elo Deel vum 'Reader' fir d’Fach Lëtzebuergesch op der 4e.

D’Fabienne Faust geet an 'Den Ufank' zeréck an eng Jugend an den 90er Joren. D’Erzielerin steet op hirem Gebuertsdag op emol hirem Papp géintiwwer, deen si laang net gesinn huet an deen hiert Liewen elo wëllt op d’Kopp geheien.

D’Claudine Muno schéckt säin Haaptpersonnage an 'D’Liewen ass ze haart, wann s du ze karamëll bass' an d’Schoulbibliothéik. Do ass ee schliisslech viru sozialer Interaktioun sécher. Oder?

De Jhemp Hoscheit léisst a 'Gespréicher iwwert de Luca' an enger Rei vu kuerzen Dialogen d’Famill an d’Kolleegen diskutéieren: Firwat huet de Luca probéiert, sech d’Liewen ze huelen? Hätt een dat kéinte komme gesinn? A wat elo?

De 'Reader' fir d’Fach Lëtzebuergesch op der 4C an der 4G bitt flott Texter aus der Literatur op Lëtzebuergesch an ass fir d’Léierpersonal disponibel iwwert Pearltrees, Heydoo an eduDocs

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu