Actualités

Projet 'Plan d’études 2025': De Rapport vum sechsten CoLab-Workshop 'Formal an non-formal Bildung' ass online

Projet 'Plan d’études 2025': De Rapport vum sechsten CoLab-Workshop 'Formal an non-formal Bildung' ass online
19/06/2023

De sechsten CoLab-Workshop 'D’Brécken tëschent der formaler an non-formaler Bildung' huet den 19. Januar 2023 en présentiel um eduPôle Walferdange an den 24. Januar 2023 online iwwer Teams stattfonnt.

Ronn 180 Participanten aus dem formalen an non-formalen Bildungsberäich hunn an dräi thematesch verschiddenen Atelieren iwwert méiglech Brécken tëschent deenen zwee Bildungsberäicher diskutéiert, dëst am Kader vum 'Projet Plan d’études 2025'.

De Workshop gouf vun der Division du développement du curriculum vum SCRIPT encadréiert.

Mir freeën eis, Iech matzedeelen, dass de Rapport vun den Diskussiounen elo um Internetsite vun der Curriculumsdivisioun ënnert dësem Link (ënnen op der Säit) zougänglech ass.

De Rapport ass eng Bestandsopnam vum CoLab-Workshop a gëtt d’Aussoe vun de Participanten erëm. Dëse Rapport an déi aner Rapporten sinn eng essentiell Basis, op där d’Reflexioune ronderëm en neie Plan d’études gefouert ginn.

Weider Informatioune ronderëm de Projet fannt Dir ënnert dësem Link.

Zéckt net, déi zoustänneg Equipe bei Froen ze kontaktéieren: curriculum@script.lu.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu