Actualités

'Summerschool 2023' - Gratis Widderhuelungsdossiere fir d'Summervakanz

Gratis Widderhuelungsdossiere fir d'Summervakanz
14/07/2023

Am Kader vun der 'Summerschool 2023' proposéiert de SCRIPT thematesch Dossieren, déi fir d’Sproochen an d’Mathematik vun de Klassen aus dem Cycle 2.1 bis 4.2 vum Enseignement fondamental a fir d'Klasse vu 7e bis 4e vum Enseignement secondaire entwéckelt goufen.

Dës sollen et de Schülerinnen a Schüler erlaben, eventuell Lacunne wärend der Summervakanz opzeschaffen.

D’Dossiere si vum 14. Juli bis de 15. September 2023 op www.summerschool.lu zougänglech. Den Accès ass mat Hëllef vum IAM vum Schüler méiglech. Fir all Dossier gëtt et och Modellkorrekturen an esou kënnen se onofhängeg oder mat Hëllef vun den Elteren zu all Moment an der Schoulvakanz benotzt ginn.

D’Widderhuelungscourse vun der ‘Summerschool’ fir d'Schülerinnen an d'Schüler aus der Grondschoul an de Lycéeën, déi vum 4. bis de 14. September ugebuede ginn,  baséieren och op dësen themateschen Dossieren.

Detailléiert Informatiounen iwwert de prakteschen Oflaf vun der ‘Summerschool’ sinn ënnert dësem Link ze fannen.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu