Actualités

Formatioun 'makedra.lu a menger Klass'

Formatioun 'makedra.lu a menger Klass'
26/10/2023

D’Equipe vu 'makedra (Maach (k)een Drama)' proposéiert hier theaterpedagogesch Formatiounen 2023-2024 am Osten an am Weste vum Land.

Am vergaangene Schouljoer 2022-2023 hat dës regional Offer vu 'makedra' am Süden, am Norden an am Zentrum groussen Uklang fonnt.

Och an dëser Formatioun geet et drëm ze léieren, wéi ee ganz konkret an einfach mat Materialie vu makedra.lu an der Klass schaffe kann: Theater spillen, een Theaterstéck produzéieren oder den Theater notzen, fir an anere Fächer a Beräicher villfälteg Léierziler unzestriewen.

Dës flott Zesummenaarbecht mat engem Kulturhaus aus dem Westen an engem Lycée aus dem Osten erlaabt et der/dem Participant/e och nees an dësem Schouljoer a senger/hirer Wunngéigend un dëser Formatioun deelzehuelen a sou ee flotten theaterpedagogeschen Nomëtten erliewen ze kënnen.

Regioun Westen

  • 20. Februar 2024 / 14:00 bis 17:00 Auer
  • Kinneksbond (Centre Culturel Mamer) – Salle de répétition
  • Umeldung ënnert dësem Link

 

Regioun Osten

  • 14. Mäerz 2024 / 14:00 bis 17:00 Auer
  • Maacher Lycée Grevenmacher – Salle des Fêtes
  • Umeldung ënnert dësem Link
Fichiers à télécharger

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu