Actualités

Webinaire um radio 100,7: 'E Léierplang fir d’Zukunft – Plan d’études 2025'

''
17/05/2024

De Webinaire 'E Léierplang fir d’Zukunft – Plan d’études 2025' ass den 18. Juni 2024 vu 14:00 bis 15:30 Auer live um radio 100,7 an am Stream op www.100komma7.lu ze héieren.

Dëse Webinaire gëtt vum SCRIPT an Zesummenaarbecht mam Institut de formation de l’Éducation nationale (IFEN) a mam radio 100,7 op d’Been gestallt.

Schoul ass näischt Statesches: mat der Entwécklung vun der Gesellschaft mussen och d’Léierpläng sech veränneren. An dem Sënn si scho virun e puer Joer d’Aarbechte fir en neie Plan d’études fir d’Grondschoul zu Lëtzebuerg ugelaf.

Iwwert e breede Consultatiounsprozess goufen d’Schwéierpunkten an d’Ausriichtung vum neie Curriculum ausgemaach. Dës sinn am Oktober 2023 dem Public virgestallt ginn. D’Rumm vum zukünftege Plan d’études baséiert op de véier Pilier’e: Participatioun, Wuelbefannen, Digitalitéit a Méisproochegkeet. Dës Rumm soll den Optrag vun der Schoul am Enseignement fondamental fir d’Zukunft konkretiséieren.

Wat muss an der Mëtt vum 21. Joerhonnert geléiert ginn? Wéi eng Léierberäicher si wichteg? Wat fir eng Materialie gi fir den Unterrecht gebraucht? Wat fir eng Roll spillt d’Digitalitéit am Kontext vun der zukünfteger Schoul? Wat gehéiert also, nieft de Stonnepläng an de Progressiounstabellen, zu dem grousse Feld vum Curriculum? A wat kënnt op d’Léierpersonal am Enseignement fondamental zou?

Véier Invitéeë ginn Äntwerten am Studio, a weider Experte kommen zu Wuert.

Jidderee ka wärend dem Webinaire seng Froe stellen, op der d’Whatsapp-Nummer 621 44 00 44, oder iwwer E-mail op d’Adress fro@webinar.lu.

De Webinaire gëtt als Online-Formatioun ugebueden. Umelle kann een sëch ënner dësem Link.

Update: Dëse Webinaire kann een ënnert dësem Link lauschteren.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu