< retour
Den 18. November 2022 war e Colloque iwwert de 'Reenert' vu 14:00 bis 18:00 um eduPôle zu Walfer.
Dëst Evenement gouf am Kader vum 150ten Anniversaire vum Michel Rodange sengem 'Reenert' vum SCRIPT, zesumme mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) a mam Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch, organiséiert.
Et koumen eng Partie Experten zu Wuert, déi zum Beispill op d’Biografie vum Michel Rodange, den historeschen Hannergrond vum 'Reenert', de 'Reenert' am Zweete Weltkrich, de Vocabulaire vum Eepos, déi englesch Iwwersetzung dovun an op d’Illustratioun vun der neier Editioun agaange sinn.
Den Educatiounsministère/ SCRIPT huet och eng nei kommentéiert Schouleditioun vum Michel Rodange sengem 'Reenert', erausbruecht (méi Informatioune ginn et ënnert dësem Link).
14:00 Auer: Begréissung duerch den Educatiounsminister Claude Meisch an de Buergermeeschter vu Walfer François Sauber
14:10 Auer: Aféierung: De Romain Kohn, Coordinateur vum 'Reenert'-Projet, situéiert de 'Reenert' an der Lëtzebuerger Literaturgeschicht
14:30 Auer: Biografie vum Michel Rodange – Jean-Luc Schleich, Éierebuergermeeschter vun der Gemeng Waldbëlleg, der Heemechtsgemeng vum Michel Rodange
15:05 Auer: Den historesche Background vum 'Reenert' – Mohamed Hamdi, Historiker
15:40 Auer: D’Illustratiounen am neie 'Reenert' – Mia Kinsch, Graphic Designer
16:15 Auer: De Vocabulaire am 'Reenert' – Sam Mersch, Sproochhistoriker am ZLS
16:50 Auer: De 'Reenert' am Zweete Weltkrich, bei Léon Moulin a Francis Steffen – Siggy Helbach, Luxemburgist
17:25 Auer: D’Iwwersetzung vum 'Reenert' op Englesch – Jeff Thill, Auteur vun der Iwwersetzung
18:00 Auer: Ofschloss a Patt