Actualités

Aschreiwunge fir de Projet 'Bicycool' fir d’Schouljoer 2023-2024

Aschreiwunge fir de Projet 'Bicycool' fir d’Schouljoer 2023-2024
20/06/2023

D’Schouljoer 2022-2023 geet esou lues zu Enn a mir wënschen iech all eng erhuelsam Summervakanz. D’Bicycool-Remorque war praktesch ronderëm d’Auer uechter d’ganzt Land am Asaz a mir hoffen, datt vill Kanner d’Vakanz notze wärte fir dat, wat se beim Bicycool geléiert hunn, dobaussen um Vëlo unzewenden.

Dat neit Schouljoer klappt awer och scho lues un d’Dier a vum 26. Juni 2023 un kënnen d’Schoule sech op www.beweegung.lu fir 2023-2024 aschreiwen.

Detailer zu dem 'Bicycool C1' an dem 'Bicycool C2-4' fannt Dir ënnert dësem Link.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu