News

De SCRIPT fiert mam Vëlo op d’Schaff

De SCRIPT fiert Mam Vëlo op d’Schaff
23/08/2021

De SCRIPT huet bei Mam Vëlo op d’Schaff, enger Initiativ vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, matgemaach.
D’Zil vun dëser Campagne ass et, am Summer méiglechst oft mam Vëlo am Plaz vum Auto op d’Aarbecht ze fueren an doduerch CO2 ze spueren.
Wann de Wee vun doheem aus ze wäit ass, ass et och méiglech, en ze splécken an de Vëlo mam Zuch, Bus oder aner Verkéiersmëttel ze kombinéieren.

D’Initiativ leeft all Joer tëscht dem 15. Mee an dem 31. Juli. Et kann een sech och als Team umellen a sech géigesäiteg motivéieren.
De But ass dann, fir op d’mannst wärend 15 Deeg mam Vëlo op d’Schaff ze kommen. Wa jiddereen de Minimum vu 15 Deeg gepackt huet, dann hëlt d’Team duerno un enger grousser Verlousung deel a ka flott Präisser gewannen.

Am SCRIPT hunn 10 motivéiert Kolleeginnen a Kolleegen dräi Ekippe gebilt, zesummen hunn d’SCRIPT Bikebusters, d’Byscriptler an d’Team Bicycool 4690,6 km zeréckgeluecht an dowéinst 1044,79 kg CO2 gespuert.

Eist Zil beim SCRIPT hu mir awer schonn erreecht, et war e lëschtegen, reegelméissegen Austausch ënnert eis KollegInnen. Mir hunn eis géigesäiteg motivéiert, gelueft a natierlech och gestëppelt: Jidderee wollt gewannen a war natierlech dee Beschten!

Obwuel d’Initiativ elo eriwwer ass, fuere mir bestëmmt weider mam Vëlo op d’Schaff, ganz am Motto vun der Strategie GIMB: Gesond iessen - Méi beweegen.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu