< back
Déi siwent Oplag vum MathleTIC Kapprechen-Challenge gouf vum 6. Oktober um 8:00 Auer bis den 8. Oktober 2021 um 16:00 Auer organiséiert.
Am Ganzen hunn 1.063 Schüler matgemaach an insgesamt 1.094 Stonne Kapprechnunge geléist.
68.730 Stären an 21.034 Medaile goufen am Ganze gesammelt!
All Klass déi matgemaach huet, kann hire Certificat fir d’Klass selwer eroflueden an d’Kapprechen-Moduler bleiwen no dem Challenge fir all Schüler zougänglech.
D'Gewënnerklasse kréien an den nächsten Deeg hir Cadeau’s-Bonge per Post.
Hei ee klengen Iwwerbléck vun de Performancen:
Am MathleTIC Kapprechen-Challenge geet et dorëms, fir Kapprechnungen an de véier arithmeteschen Operatiounen ze léisen, an esou vill Stären a Medailen ze sammele wéi méiglech.
Dësen Challenge gëtt iwwer d'MathemaTIC-Plattform proposéiert an ass zougänglech fir sämtlech Klasse vum Cycle 3, Cycle 4, vun der Voie de Préparation a fir d’classes inférieures vum Enseignement secondaire.