< back
Chrëschtdag steet geschwë virun der Dier.
Fir dës besënnlech Zäit méi flott an aktiv ze gestalten, huet den Aarbechtsgrupp clever move vum SCRIPT de Beweegten Adventskalenner an d’Liewe geruff.
Di ganz Klass ka sech esou duerch den Dezember beweegen.
Den Adventskalenner ass am PDF-Fichier ënnen op der Säit ze fannen.
Weider Ureegunge fir e méi beweegte Schoulalldag fënnt een op www.clevermove.lu.
Vill Spaass beim clever(e) moven!