News

'mimamu-makedra' feiert 2 Joer

'mimamu-makedra' feiert 2 Joer
07/12/2021

D'Equipe vun de Projete mimamu (Mir maache Musek) a makedra (Maach (k)een Drama) ass frou an houfreg kënne matzedeelen, datt d’Internetsitten www.mimamu.lu a www.makedra.lu vum SCRIPT zwee Joer no hirer Aféierung eng fest Plaz an de Schoulen duerch d’ganzt Land fonnt hunn.

Nieft villen Aktivitéiten a Projeten an de Schoulen am Beräich Musek an Theater bidden mimamu.lu a makedra.lu iwwer hir Internetsitten eng ganz Rei Materialien un, déi online direkt an der Klass kënne benotzt ginn.

Zënter hirem Start am September 2019 huet sech d’Userzuel verdräifacht, a sou profitéieren am Dezember 2021 mëttlerweil 3.000 Enseignante(ë)n reegelméisseg vu ronn:

  • 1.500 Audiofiles (Playbacks an agesonge Lidder…)
  • 1.800 Dokumenter (Nouten, Texter, Dramafichen, Glossaire, Dramatools…)
  • 550 Videofiles (Karaoke, Kuerzfilmer…)

Den Duerchschnëtt vun de Logins op mimamu.lu a makedra.lu läit bei ronn 4.000 Visitte pro Mount.

Déi ganz Equipe vu mimamu-makedra vum SCRIPT seet dofir ee grousse MERCI!

mimamu.lu a makedra.lu wäert sech och an Zukunft dofir asetzen, hir Offerte weider auszebauen, fir op déi grouss Demande kënnen ze reagéieren.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu