< back
Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) huet an Zesummenaarbecht mam SCRIPT 30 kuerz Videoe produzéiert, an deenen déi wichtegst Reegele vun der Orthographie vum Lëtzebuergeschen erklärt ginn. Spezialfäll an Ausname ginn dobäi ewechgelooss.
Déi éischt 23 Videoe stinn elo schonn zur Verfügung (RTL PLAY / Vimeo Account ZLS). Nieft zwee allgemengen Erklärungsvideoen iwwer d'Buschtawen (Vokalen a Konsonanten) an iwwer d'Betounung behandelen se dee lëtzebuergesche Volet vun den Orthografiesreegelen.
Weider 7 Clippen, bei deenen et virun allem ëm den Ëmgang mat Wierder aus anere Sprooche geet, kommen deemnächst no.
RTL weist vum 28. Januar 2022 un ëmmer freides a samschdes kuerz virun 19 Auer ee vun de Videoen Lëtzebuergesch richteg schreiwen. Ze fannen sinn se och op der Plattform RTL PLAY an op www.zls.lu.