News

Eng Periodentafel fir op d'Thema vun der Nohaltegkeet opmierksam ze maachen

Eng Periodentafel fir op d'Thema vun der Nohaltegkeet opmierksam ze maachen
28/02/2022

De SCRIPT an d’Association Luxembourgeoise de Chimistes (ACHIL) wäerten op der Foire vun der Bildung fir nohalteg Entwécklung eng Periodentafel presentéieren déi weist, aus wéi engen Atomer eise Planéit zesummegesat ass, an a wéi enger Proportioun et dës Atomer op der Äerd ginn.

D'Periodentafel soll dobäi hëllefen, op eng flott Aart a Weis iwwert d’Thema vun der Nohaltegkeet nozedenken.

Membere vun der ACHIL wäerten op der Foire present sinn, fir detailléiert Erklärungen ze ginn.

2019 huet d’European Chemical Society (EuChems) dës Periodentafel verëffentlecht. Si weist (bal) all Atomer di et ginn. D’Haisercher mat den Atomsymboler sinn esou deforméiert duergestallt, dass d’Gréisst vum Haischen illustréiert, wéi vill et vun deem jeeweilegen Element (Atomzocht) op eiser Äerd gëtt.

Zousätzlech goufen d’Elementer gefierft fir ze weisen, ob vun der jeeweileger Atomart nach genuch do ass, oder op dës Atomer eis riskéieren auszegoen en enger net ze vill wäiter Zukunft. Nëtzlech Atomer déi aus Krichsregioune komme goufe markéiert, souwéi och déi Elementer déi gebraucht gi fir Handyen ze bauen.

Am Joer 2021 gouf d’Tabell liicht iwwerschafft fir d’Schlussfolgerunge vun der COP26 mat anzebauen.

D'ACHIL ass Member vum der EuChems an huet mat der Hëllef vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) d'Periodentafel op Lëtzebuergesch iwwersat.

Méi Informatioune sinn ënnert dësem Link ze fannen. Hei kann een och d'Periodentafel eroflueden.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu