News

Journée de la Voie de Préparation

Journée de la Voie de Préparation
04/04/2022

Den 31. Mäerz haten sech ronn 200 Enseignanteën an Enseignanten am Kader vun der drëtter ‘Journée de Formation et d’Échange’ vun der Voie de Préparation vum Enseignement secondaire général zu Walfer zesummefonnt.
De SCRIPT war un der Organisatioun vun dësem Evenement bedeelegt.

Et ass drëm gaang, der Voie de Préparation eng gewësse Visibilitéit ze ginn, den Enseignanteën an Enseignanten d’Méiglechkeet ze bidden sech weider ze bilden, awer och sech mat aanere Kolleginnen a Kollegen auszetauschen, fir esou d’Schoulen ënnerteneen ze vernetzen.

Dëst Joer stoung d’Journée ënnert dem Sujet ‘Staark Enseignanten - Staark Jonker’. Si hätt ënnert dëser Form schonn den 1. Abrëll 2020 am Lycée Guillaume Kroll zu Esch/Uelzecht sollte stattfannen, mee war leider wéinst der Pandemie ausgefall. Et war also héich Zäit, dëst wichtegt Evenement nozehuelen.

D’Madame Nicole Mersch, Presidentin vun der Commissioun vun der Voie de Préparation vum CODIR-ES, huet d’Leit mat enger Ried am Centre Prince Henri empfaangen.

Duerno goung et weider an den Institut de Formation de l’Éducation nationale (IFEN), wou d’Participanteën an Participanten un engem vun 12 Atelieren zu den Theeme Kommunikatioun, Stress- an Zäitmanagement, Elterenaarbecht a Léiermotivatioun deelgeholl hunn.

D’Mëttespaus konnten d’Leit notzen, fir sech auszetauschen a Kontakter ze knäppen; duerno goung et gutt gestäerkt an den 2ten Deel vum Atelier weider.

Ofgeschloss gouf den Dag duerch eng Videobotschaft vum M. Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend.

Bei engem Patt konnten d’Participanten dunn den Dag am Echange ausklénge loossen.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu