News

Tagung zu de Mosaikklassen

Tagung zu de Mosaikklassen
19/05/2022

De 6. Mee 2022 hunn sech ronn 95 Participanten am Kader vun der Tagung zu de Mosaikklassen um eduPôle zu Walfer zesummefonnt.

Dës Tagung stoung ënnert dem Sujet ‘Chancen - Herausforderungen - Optimierung’ a war eng gutt Geleeënheet, fir Memberen aus de Mosaikklassen zesummenzebrénge fir e produktiven Austausch ze garantéieren.

Nom Empfang gouf et eng Rei Virträg iwwert d‘Entwécklung an de Fërderbedarf vun de Mosaikklassen, wou och den neie Bericht zur Aarbecht vun de Mosaikklasse vun der Mme Lisa Neunkirch presentéiert gouf.

D‘Mëttespaus konnten d‘Participanten dunn notzen, fir sech ënnereneen auszetauschen a Kontakter ze knäppen. Duerno goung et weider am Programm mat enger Rei Aarbechtsgruppen zu de folgenden Theemen:

• Mission der Mosaikklassen / Ziele

• Zielgruppe / Aufnahmeprofil

• Aufnahmeprozesse

• Förderdiagnostik / Förderplanung

• Fördermethoden

• Reintegration und Nachbetreuung

• Erfolgsbewertung

• Kooperation innerhalb der Schule

• Kooperation mit den Eltern

• Kooperation mit externen Diensten

An engem reegen Austausch vun zwou Stonne sinn dës Theemen analyséiert ginn, an d‘Participanten haten d‘Geleeënheet, hir Observatioune vum Terrain ze deelen.

Zum Schluss vum Dag gouf et nach en ofschléissende Plenum.

Ënnen op der Säit ass de komplette Programm vum Dag ze fannen.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu