< back
De 14. Juni 2022 vu 14.30 bis 16.00 Auer ass de Webinaire 'Léieren dobaussen – d'Ëmwelt als Unterrechtsmaterial' vum SCRIPT a vum radio 100,7 ze héieren.
Am Prinzip kann ee praktesch all Schoulfach och ausserhalb vum Klassesall léieren. Naturwëssenschafte souwisou, mee och Fächer wéi Mathe, Sproochen an anerer kënnen doduerch vermëttelt ginn, andeems een als Léierpersoun d’Ëmwelt virun der Dier an den Unterrecht mat abaut.
Dat bedeit net zwangsleefeg, dass ee méi Ressource brauch. Awer natierlech verlaangt dat e bëssen eng aner Organisatioun vun der Léiergrupp.
Doriwwer an iwwer eng ganz Rei vu flotte Projeten, déi am Kader vum Léieren dobaussen an deene leschte Joren am Schoulsystem entstane sinn. Si ginn an dësem Webinaire virgestallt, an dem interesséiert Enseignanteën an Enseignanten awer och gewuer ginn, wéi si Léieren dobausse kinnte gestalten.
Am Studio diskutéieren dräi Expertinnen an een Expert d’Méiglechkeeten, déi et fir en Unterrecht ausserhalb vum Klassesall ginn a wéi een sech am beschten uleet, fir op dee Wee ze goen. Zousätzlech sinn an der Emissioun Analyse vun enger Rei Expertinnen an Experten zu verschiddene Facette vum Thema ze héieren.
Invitéeën hei am Studio sinn:
Op de Livestream vun der Emissioun kënnt een iwwer den Internetsite www.100komma7.lu.
D’Nolauschterinnen an d'Nolauschterer hunn d’Méiglechkeet am Virfeld, an och wärend dem Webinaire, hier Froen iwwert E-mail (fro@webinar.lu) oder WhatsApp (621440044) eranzereechen.
D’Participatioun vun Enseignanteën an Enseignante um Webinar gëtt vum Institut de formation de l'Éducation nationale (IFEN) als Formatioun unerkannt. Méi Informatiounen ginn et ënnert dësem Link.