< back
Neierdéngs ass déi ganz Offer vum däitsche Liesfërderportal www.onilo.de accessibel via IAM (Identity and Access Management) fir all Persoun, déi am Enseignement schafft: Enseignantëen/ Enseignanten aus dem Fondamental an aus dem Secondaire, Intervenanten aus de Centres de Compétences oder soss Professioneller aus der Educatioun.
Schonn zanter 2020 ass onilo.de fir Enseignantëen/ Enseignanten aus der Grondschoul via IAM fräi zougänglech. Esou kënne si interaktiv Bicher aus der Kannerliteratur, sougenannte boardstories, mat de Schülerinne/ Schüler an der Klass liesen an och déi pedagogesch Ressourcë vum Portal notzen.
Onilo bitt, nieft der breeder Offer un däitsche Geschichten, och eng Rei franséisch Iwwersetzungen an eng Geschicht aus dem franséische Buch 'Salut c’est magique' vum Cycle 3. Aus Aktualitéitsgrënn proposéiert de Portal och eng Rei Bicher op Ukrainesch a Russesch. Sou kann onilo.de ganz breetgefächert a villsäiteg genotzt ginn.