News

'Schortgen - En Eisefrësser an der Chamber': e Cahier pédagogique fir d’Lycéeën

'Schortgen - En Eisefrësser an der Chamber': e Cahier pédagogique fir d’Lycéeën
29/09/2022

Am Kader vun den Initiative fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch an allgemeng der Lëtzebuerger Kultur huet de SCRIPT de Cahier pédagogique 'Schortgen - En Eisefrësser an der Chamber' fir de Secondaire ausgeschafft.

Dëse Cahier pédagogique soll dat  aktiivt Schaffe mat der 'Graphic Novel' am Unterrecht erméiglechen.

D'Zil ass et engersäits, fir eenzel Aspekter aus dem Liewe vum Jean Schortgen (oder aus senger Zäit) inhaltlech weider ze verdéiwen an anerer, déi vun der 'Graphic Novel' net direkt opgegraff goufen, kuerz unzeschneiden, fir esou d’Handlung vun der 'Graphic Novel' fir Jugendlecher besser novollzéibar ze maachen.

Anerersäits sollen och formal Aspekter beliicht ginn, fir d'Schülerinnen a Schüler mat den narrativen Elementer vun enger 'Graphic Novel' vertraut ze maachen.

De Cahier pédagogique enthält eng Mëschung aus Dokumentatioun an Aarbechtsureegunge respektiv konkreeten Aarbechtsopträg. Dobäi ginn esouwuel literaresch wéi historesch a politesch Aspekter behandelt. Eng Rei Punkte gi vollstänneg ëmgesat; op anerer gëtt just higewisen an/ oder et gi bibliographesch Referenzen dozou opgeféiert, déi et erlaben, déi Theemen eegestänneg weider ze verdéiwen.

De Cahier pédagogique ass opgrond vu senger transversaler Approche an ënnerschiddleche Fächer asetzbar; wéi beispillsweis am Lëtzebuergeschen, an der Geschicht, an der 'vie et société' ('VIESO') oder an der 'culture générale'.

De Cahier pédagogique kann ënnert digitaler Form op heydoo.lu ënnert dësem Link erof geluede ginn.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu