News

De SCRIPT an den ZLS op de 'Walfer Bicherdeeg 2022'

De SCRIPT an den ZLS op de 'Walfer Bicherdeeg 2022'
24/11/2022

Den 19. an den 20. November haten de SCRIPT, zesumme mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) e gemeinsame Stand fir den Educatiounsministère op de Walfer Bicherdeeg.

Op dësen Deeg konnt een um Stand déi sëllege Publikatioune vun de béide Servicer fannen, duerchkucken a kafen.

D’Bicherdeeg stounge fir de SCRIPT an den ZLS ganz am Zeeche vun hirer gemeinsamer Publikatioun vum 'Reenert'. Fir den 150. Anniversaire vun der éischter Publikatioun vum Michel Rodange sengem Meeschterwierk 'Reenert' hunn de SCRIPT an den ZLS zesummen eng nei Schouleditioun opgeluecht.

De Start vum Weekend war am Fong scho freides, den 18. November, wou de SCRIPT an den ZLS an Zesummenaarbecht mam Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch, de Colloque vum 'Reenert' organiséiert hunn (de Colloque kann een hei nokucken).

Bicherrei 'Allerhand'

Nieft dem 'Reenert' huet de SCRIPT awer och nach säin neiste Projet dem Grand Public presentéiert: déi nei Bicherrei 'Allerhand'.

'Allerhand' presentéiert flott Wierker aus der Literatur op Lëtzebuergesch als praktesch Täschebicher. D’Rei ass speziell fir de Gebrauch am Unterrecht geduecht, an engem handleche Format a mat Plaz fir eegen Notizzen.

An all Buch stinn Erklärunge vu manner gebräichleche Wierder a kuerz Explikatiounen, déi d’Verstoe vum Text erliichteren. Eng Interpretatioun gëtt doriwwer eraus éischt Iddie fir d’Nodenken an d’Diskutéieren an der Schoul wéi och baussent dem Unterrecht. 'Allerhand' – dat ass Literatur op Lëtzebuergesch fir Jonker a fir jiddweree soss, dee gäre liest.

D’Bicherrei ass elo mat den 3 éischte Reeditioune gestart a wäert all Joer bis zu 2 nei Publikatioune bäikréien:

  • Cathy Clement, 'Aleng' (Originalversioun: 1996)
  • Claudine Muno, 'Speck' (Uropféierung 2003)
  • Jhemp Hoscheit, 'Perl oder Pica' (Originalversioun: 1998)

 

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu