News

'makedra.lu' a menger Klass!

'makedra.lu' a menger Klass!
16/01/2023

D'Equipe vu makedra.lu proposéiert hier theaterpedagogesch Formatioun 2022-2023 am Süden, am Norden an am Zentrum vum Land.

Et geet drëm ze léieren, wéi ee ganz konkret an einfach mat Materialie vu makedra.lu an der Klass schaffe kann: Theater spillen, een Theaterstéck produzéieren oder den Theater notze fir an anere Fächer a Beräicher villfälteg Léierziler unzestriewen.

Dës flott Zesummenaarbecht erlaabt et der/dem Participant/e a senger/hierer Wunngéigend un dëser Formatioun deelzehuelen a sou ee flotten theaterpedagogeschen Nomëtten an engem vun den 3 Kulturhaiser erliewen ze kënnen.             

Regioun Süden

  • 28. Februar 2023 / 14:00 bis 17:00 Auer
  • Aalt Stadhaus (Déifferdeng)
  • Umeldung ënnert dësem Link

Regioun Norden

  • 21. Mäerz 2023 / 14:00 bis 17:00 Auer
  • Cube 521 (Maarnech)
  • Umeldung ënnert dësem Link

Regioun Zentrum

  • 27 Juni 2023 / 14:00 bis 17:00 Auer
  • Mierscher Kulturhaus
  • Umeldung ënnert dësem Link
Fichiers à télécharger

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu