News

D'Inscriptioune fir 'D'YEP-Schoulfoire' sinn op

D'Inscriptioune fir 'D’YEP-Schoulfoire' sinn op
13/03/2023

'D’YEP-Schoulfoire' gëtt vum 24. bis de 26. Abrëll 2023 an der Luxexpo vum MENJE an Zesummenaarbecht mam Service de la Formation professionnelle (SFP), der Maison de l'orientation an dem SCRIPT organiséiert.

D’Schoulfoire ass wärend de Schoulhorairen exklusiv fir Schoulklassen op, ausser dënschdes, wou si de ganzen Dag och fir all aner Visiteure wäert zougänglech sinn. Privatpersounen, Gruppe vu Maison-relaisen oder Jugendhaiser mussen sech net umellen. Den Entrée ass gratis.

'D’YEP-Schoulfoire' riicht sech un d’Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 4 vum Enseignement fondamental, aus dem leschte Joer Primärschoul vun den internationale Schoulen an un d’Schülerinnen a Schüler aus dem Enseignement secondaire. Si ass awer och fir Elteren an déi Professionell aus der Educatioun bestëmmt.

Presentéiert ginn déi verschidde Facettë vum ëffentleche Lëtzebuerger Schoulsystem. Et ass eng Plattform fir déi schoulesch a professionell Orientéierung ze promouvéieren a fir Neies kennen ze léieren.

Op enger Fläch vu 17.000 m2, verdeelt op dräi Halen, dréint sech 'D’YEP-Schoulfoire' ëm fënnef Pilieren:

  • d’Lëtzebuerger Lycéeën
  • de Ministère, d’Maison de l’Orientation an d’Schouloffer
  • de Léierplazendag
  • déi néng Formatiounswelten
  • d’Atelieren & d’Showen

 

Programm an Aschreiwung

 

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu