News

Super Powered: National an international Finall vun der 'FIRST Lego League'

Super Powered: National an international Finall vun der 'FIRST Lego League'
27/03/2023

De 25. Februar 2023 war am Lycée Nic-Biever zu Diddeleng (LNB) déi grouss national Finall vun der 'FIRST Lego League'.

Am Ganzen hunn 28 Teame vu bis zu 10 Schülerinnen a Schüler un der Competitioun deelgeholl.

Wärend 30 Minutten huet all Team säi Fuerschungsprojet zum Theema 'Energie' a säi selwer gebauten a programméierte Roboter enger Jury presentéiert.

Zousätzlech sinn si am 'Robot Game' ugetrueden. Hei huet hire Roboter innerhalb vun 2:30 Minutten sou vill wei méiglech Missioune mussen erfëllen.

Zum Schluss vum Dag goufen et da vill glécklech Gewënnerinnen a Gewënner, wouvu véier Teamen déi flott Geleeënheet kruten, den 18. Mäerz 2023 un der internationaler Finall vun der 'FIRST Lego League' zu Genk an der Belsch deelzehuelen.

D’Rees op Genk huet mat enger flotter Visitt vun de Grottes de Remouchamps an engem Lagerfeier am Bësch ugefaangen. Samschdes sinn dunn insgesamt 21 Teamen aus der Belsch a Lëtzebuerg géinteneen ugetrueden.

D’Schülernnen a Schüler, déi aus dem Enseignement fondamental souwuel wéi dem Enseignement secondaire waren, konnten dräi Pokaler mat heem huelen.

D’'FIRST Lego League'-Saison 2022/2023, d’Joer mam Theema 'Energie' ('Super Powered'), kënnt soumat op en Enn a mir si gespaant, wat ons d’nächst Joer erwaart.

  • Falls Dir interesséiert sidd, selwer Coach ze ginn, da mellt Iech ënnert dësem Link fir d’Formatioun un.
  • Fir d’Informatiounen zu den Aschreiwungen net ze verpassen, kënnt Dir och schonn dëse Formulaire fir d’Pre-Inscriptioun ausfëllen.
  • All d'Informatiounen iwwert d''FIRST Lego League' fannt Dir um Internetsite www.firstlegoleague.lu.

 

'FIRST Lego League': D'Gewënner vun der nationaler Finall

  • Core Values Award: Team Rénert  (École fondamentale Rénert, Manternach)
  • Motivate Award: Ardenner Power & Gellé Power (École fondamentale Bonnevoie-Gellé)
  • Engineering Excellence Award: Lenkids (École fondamentale Lenkeschléi, Dudelange)
  • 1. Plaz Robot Performance Award: Schildkrötenlegende (École fondamentale Gilsdorf)
  • 2. Plaz Robot Performance Award: Legends of Lego (École fondamentale Gilsdorf)
  • 1. Plaz Robot Design Award: Woiwer Heroes (École fondamentale Woiwer, Differdange)
  • 2. Plaz Robot Design Award: LEmGO! (Lycée Ermesinde Mersch)
  • 1. Plaz Innovation Award: LCD Wolves (Lycée classique Diekirch)
  • 2. Plaz Innovation Award: Help-e Powerkids (École fondamentale Helperknapp)
  • 1. Plaz Champions Award: Schildkrötenlegende (École fondamentale Gilsdorf)
  • 2. Plaz Champions Award: An der Dällt (École fondamentale Schuttrange)
  • 3. Plaz Champions Award: Legends of Lego (École fondamentale Gilsdorf)

 

'FIRST Lego League': D'Gewënner vun der internationaler Finall

  • Robot Design: LemGo! (Lycée Ermesinde Mersch)
  • Core Values Award: Schildkrötenlegende (École fondamentale Gilsdorf)
  • Motivate Award: Legends of Lego (École fondamentale Gilsdorf)
  • Urkunde Best Coach: Eric Christnach (École fondamentale Schuttrange - An der Dällt)

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu