< back
'D’YEP-Schoulfoire' gëtt vum 24. bis de 26. Abrëll 2023 an der Luxexpo vum MENJE an Zesummenaarbecht mat dem SCRIPT, dem Service de la Formation professionnelle (SFP) an der Maison de l'orientation organiséiert.
De SCRIPT ass responsabel fir d’Aktivitéiten an der Hall 7, wou interaktiv Atelieren a Shows fir d’Kasse vum Cycle 4 stattfannen.
'D’YEP-Schoulfoire' riicht sech un d’Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 4 vum Enseignement fondamental, aus dem leschte Joer Primärschoul vun den internationale Schoulen an aus dem Enseignement secondaire. Si ass awer och fir Elteren an déi Professionell aus der Educatioun bestëmmt.
Méindes a mëttwochs ass d’Schoulfoire exklusiv fir Schoulklassen op, dënschdes, ass si de ganzen Dag och fir all aner Visiteuren zougänglech.
Privatpersounen, Gruppe vu Maison Relaisen oder Jugendhaiser mussen sech net umellen. Den Entrée ass gratis.
Presentéiert ginn déi verschidde Facettë vum ëffentleche Lëtzebuerger Schoulsystem. Et ass eng Plattform fir déi schoulesch a professionell Orientéierung ze promouvéieren a fir Neies kennen ze léieren.
Op enger Fläch vu 17.000 m2, verdeelt op dräi Halen, dréint sech 'D’YEP-Schoulfoire' ëm fënnef Pilieren:
All d’Informatiounen iwwert 'D’YEP-Schoulfoire' ginn et um Internetsite www.schoulfoire.lu.