News

'De Piwitsch' Nummer 6 ass do!

'De Piwitsch' Nummer 6 ass do!
03/07/2023

Pünktlech fir d'Summervakanz ass déi nei Ausgab vum 'Piwitsch' do. Si gëtt vum 3. Juli 2023 un an alle Klasse aus de Cyclen 3 a 4 vum Enseignement fondamental am ganze Land un d'Schülerinnen an d'Schüler verdeelt.

Déi nei an all déi aner Ausgabe vum Piwitsch ginn et och als PDF-Download op der Säit www.piwitsch.lu/e-piwi.

Och an dëser Nummer hu mir erëm vill flott Themen an dës Kéier esouguer zwou Liesgeschichte fir sech iwwert de Summer net ze langweilen:

  • Mä fir d'éischt gi mir an de Mëllerdall. An dësem Artikel erkläre mir iech net nëmmen, wéi dës flott Géigend entstanen ass, mee mir entféieren iech och op déi schéinsten an interessantste Plazen, déi een hei ka besichen.
  • Zesumme mat enger Klass vu Veianen besiche mir déi Beiestäck, ëm déi si sech këmmeren. En Imker erkläert eis alles, wat een iwwert dës nëtzlech Insekte muss wëssen.
  • An engem weideren Artikel geet et ëm de Knascht, dee mir Mënschen einfach esou an d'Natur geheien. De sougenannte 'Littering' ass e grousse Problem ginn. Mee et ginn och Léisungen...
  • Mat der Hotelsschoul léiere mir, wéi een eng Glace-Mousse mécht. En erfrëschend Rezept fir déi waarm Summerdeeg.
  • An dëser Nummer ginn et zwou Liesgeschichten. De Jhemp Hoscheit schreift och vum Thema Littering an iwwert problematesch Kéipercher. De Gast Groeber erzielt eis d'Geschicht vum Yuri, dee sengen neie Matschülerinnen a Matschüler net ganz geheier ass.
  • De Cycle 4.1 aus der Schoul zu Dräibuer huet sech an hirer 'Mini-Redaktioun' dem wichtegen Thema Cybermobbing ugeholl an doriwwer e Radios-Reportage gemaach. De Cycle 3.2 vu Beetebuerg huet e Video-Reportage iwwert eng Ausstellung vun der Action Solidarité Tiers Monde (ASTM) realiséiert.

 

Wat ass 'De Piwitsch'?

'De Piwitsch' ass e Konzept fir d'Mediekompetenz vun de Schülerinnen a Schüler aus den Zyklen 3 a 4 vum Enseignement fondamental ze stäerken.

Et geet drëms, fir de Virwëtz an d'Kreativitéit, d'Loscht um Liesen an um Schreiwen, mee virun allem de kritesche Geescht vun de Kanner tëscht 8 an 12 Joer ze fërderen.

Maacht mat bei de 'Mini-Redaktioune' vum 'Piwitsch'!

All Klass aus de Cyclen 3 a 4 ka bei de 'Mini-Redaktioune' vum 'Piwitsch' matmaachen. De SCRIPT bitt dës Atelieren un. Hei komme Memberen aus dem 'Piwitsch'-Team an d‘'lass, fir zesumme mat de Kanner a mat de Léierpersounen e journalistesche Projet ze realiséieren.

Méi Informatiounen an d'Aschreiwung zu dësem pedagogesche Projet ginn et ënnert www.piwitsch.lu/lehrmaterial oder per E-Mail iwwert minired@piwitsch.lu.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu