News

E Réckbléck op e ganzt Joer voller Musek an Theater

E Réckbléck op e ganzt Joer voller Musek an Theater
10/07/2023

D’Ekippe vun de SCRIPT-Projete 'mimamu (Mir maache Musek)' a 'makedra (Maach (k)een Drama)' kucken op ee ganz aktiivt Schouljoer 2022-2023 zréck.

Nieft dem Ausschaffen an dem Erneiere vun didakteschem Material, wat an der Schoul ka benotzt ginn, goufen dëst Joer direkt eng ganz Rëtsch u gréisseren Evenementer organiséiert.

Direkt am Oktober huet 'mimamu' op der éischter 'Nationaler Robotikwoch' e spannenden Atelier zum Thema Musek a Coding ugebuede, bei deem iwwer 20 Schoulklasse matgemaach hunn.

E besonneschen Highlight war an dësem Joer sécherlech och 'D’YEP Schoulfoire', déi 'mimamu' a 'makedra' eng besonnesch Bün gebueden huet: An der grousser Arena an der Luxexpo hunn d'Ekippe vu 'mimamu' a 'makedra' ee ganzen Dag laang gläich fënnef Challenge-Shows gebueden. Viru ronn 300 Spectateuren hunn hei eenzel Schülerinnen a Schüler, mee och ganz Klassen, hir Talenter bei der 'makedra Improchallenge' an der 'Mimamusek-Challenge' ënner Beweis gestallt.

Donieft goufen awer natierlech och nees een Theater- an ee Museksatelier organiséiert, déi dëst Joer allebéid e grousse Succès bei de Besicher vun der Foire haten. Dat waren nieft enger grousser Unzuel u Schoulklassen och nees vill Leit aus dem Grand Public, déi de Wee an d’Luxexpo fonnt haten an zum Beispill am Atelier vu 'makedra' hir schauspilleresch Fähegkeete virun engem Greenscreen beweise konnten.

Dëst Joer goufen déi beléiften edukativ Concerte 'Be a HEARo' an der Rockhal zu enger ganzer 'Woch vun der Rock- a Popmusek' ausgewäit. De SCRIPT an de Rocklab haten heifir e villfältege Programm mat spannende Workshops ronderëm d’Welt vun der Rock- a Popmusek ausgeschafft.

An där Woch hunn ronn 430 Kanner un engem vun den Ateliere vu 'mimamu' oder 'makedra' deelgeholl. Dobäi hunn si geléiert, wéi ee Musek mat engem Launchpad mécht oder wat fir Fäegkeete vun engem Batteur op enger Bün verlaangt ginn. Et gouf och mat der ganzer Klass e richtege Videoclip gedréint.

An dësem Schouljoer waren d'Equippe vu 'mimamu' a 'makedra' bei 25 verschiddene Klassen an d’Schoul am Kader vun de regulären Offeren. Nieft de prakteschen Ateliere 'Drama Day' a 'Rhythm and Voice', si beispillsweis dräi Hörbicher, dräi Kuerzfilmer oder och siwe Museksvideoen d’Resultat vun dëse besonneschen Interventiounen, déi de Schülerinnen a Schüler besonnesch an Erënnerung wäerte bleiwen.

An Erënnerung bleiwe wäert de Kanner aus dem Cycle 4.2 vun Dikrech och hiren Tournage mat der Militärmusek. Hei ass e richtege Film entstanen, wou ee ka gesinn, wéi d’Militärmusikerinnen an d’Militärmuseker hir Instrumenter presentéieren.

Am Kader vun der IFEN-Formatioun 'makedra a menger Klass', ass d’Ekipp vu 'makedra' an dräi Kulturhaiser uechtert d’Land gaange fir insgesamt 50 Enseignanteën an Enseignantë déi villfälteg Méiglechkeete vum Theater an der Schoul op enger richteger Bün méi no ze bréngen. Och am nächste Joer wëllt 'makedra' dës Formatioun weiderhin ubidden.

 

mimamu.lu a makedra.lu

Op den Internetsitten mimamu.lu a makedra.lu, déi mëttlerweil och fir Léierpersonal mat hierem IAM zougänglech sinn, ass an dësem Schoujoer vill geschitt.

Fir déi knapp 5.000 abonéiert Persoune stinn an den Datebanke vu mimamu.lu a makedra.lu mëttlerweil iwwer 500 Items zur Verfügung, hannert deenen sech jeeweils déi verschidden didaktesch Materialien, wéi Videoen, Audio-Dateien oder PDF-Dokumenter befannen.

Eleng de Site mimamu.lu gouf am vergaangene Schouljoer iwwer 37.000 mol besicht.

Besonnesch ervirzehiewen ass awer och den neie 'Kannerberäich' op den och d’Schülerinnen a Schüler ganz einfachen Zougang hunn. Do fannen si an hir Elteren zum Beispill ëmmer der Saison ugepassten Aktivitéite fanne fir doheem ze maachen.

 

Am kommende Schouljoer wäert sech awer nees vill doen an eis Offertë sech e wéineg änneren. Am Newsletter vu 'mimamu' a 'makedra', deen am September verschéckt gëtt, kritt Dir heifir zwar nach all d’Detailer, mee mir verroden elo schonn emol dass et fir d’Musek eng ganz nei Offer am Beräich Rap an Hiphop wäert ginn, wärend 'makedra' en neien Theater-Happening fir an der Schoul preparéiert.

Och d’Impro- a Musekschallengen déi op der Schoulfoire enorme Succès haten, wäerten am nächste Joer weiderhin eng Roll spillen… Dir dierft gespaant bleiwen.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu