News

Nei Plattform fir d’Opbrieche vu geschlechtleche Stereotyppen

Nei Plattform fir d’Opbrieche vu geschlechtleche Stereotyppen
06/07/2023

De 6. Juli 2023 hunn de SCRIPT vum Educatiounsministère an de Ministère fir Gläichstellung tëscht Mann a Fra e Memorandum of Understanding (MoU) ënnerschriwwen, deen d’pedagogesch Zesummenaarbecht am Beräich vum Opbrieche vu Stereotyppe reegelt. Béid Ministèren entwéckelen zesummen eng digital Plattform, déi de Grondschoulen, Lycéeën an awer och dem Grand Public zur Verfügung gestallt gëtt, an an där stereotyppesch Mëssstänn behandelt ginn.

D’Plattform huet den Zweck fir opzeweisen, datt Männer a Fraen, respektiv och jonk Meedecher a Jongen, all d’Diere fir hir berufflech Zukunft an hir Ausbildung opstinn. Et soll verhënnert ginn, datt sech a jonkem Alter scho falsch Stereotyppen entwéckelen an dës falsch Virstellungen eng Auswierkung op schoulesch a berufflech Entscheedungen hunn.

Mam Projet 'EQUALL: alles sinn, alles ginn' lancéiere béid Ministèren eng nei Initiativ, déi am Hierscht 2023 wäert online goen. Mat männlechen a weibleche Role Models gëtt déi grouss Panopli vu Berufsweeër a -choixen opgewisen. Dës Testimonials gi pedagogesch opbereet, fir datt an der Klass dëst wichtegt Theema diskutéiert a beschafft ka ginn.

De Projet wäert och ëmmer weider evoluéieren a Persounen aus der Beruffswelt wäerten invitéiert ginn, fir och Beispiller aus hirem Berufswee ze deelen. Donieft wäerten d’Klassen och d’Méiglechkeet hunn, fir Expertinnen an Experten an d’Klass z’invitéieren, déi a Workshops mat de Klassen d’Thematik behandelen.

An dësem Video fannt Dir e kuerze Message iwwert d’Wichtegkeet vum Projet.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu