News

Projet 'Plan d’études 2025': De Rapport vun de Kanner-Atelieren ass online

Projet 'Plan d’études 2025': De Rapport vun de Kanner-Atelieren ass online
12/07/2023

No engem Opruff uechtert d’Land war d’Curriculumsdivisioun an 29 Schoulklassen op Besuch, fir mat de Kanner ze schwätzen an si esou aktiv um Consultatiounsprozess ronderëm en neien Plan d’études ze bedeelegen.

Dës Atelieren hunn tëschent Juni 2022 an Mäerz 2023 stattfonnt an hu Reegelklassen esou wéi verschidden Centres de compétences mat abegraff.

Ronn 350 Kanner goufen an dësen Atelieren no hirer Meenung an hire Wënsch iwwert d’Schoul an allem, wat domadder zesummenhänkt, gefrot, dëst am Kader vum ‘Projet Plan d’études 2025’.

Dës Atelieren goufen vun der Division du développement du curriculum vum SCRIPT encadréiert a mat Ënnerstëtzung vum jeeweilegen Léierpersonal duerchgefouert.

Mir freeën eis, Iech matzedeelen, dass de Rapport vum Dialog mat de Kanner elo um Internetsite vun der Curriculumsdivisioun ënnert dësem Link (ënnen op der Säit) zougänglech ass.

De Rapport ass eng Bestandsopnam vun den Atelieren a gëtt d’Aussoe vun de Kanner erëm. Dëse Rapport an déi aner publizéiert Rapporten sinn eng essentiell Basis, op där d’Reflexioune ronderëm en neie Plan d’études gefouert ginn.

Weider Informatioune ronderëm de Projet fannt Dir ënnert dësem Link.

Zéckt net, déi zoustänneg Equipe bei Froen ze kontaktéieren: curriculum@script.lu.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu