News

Tëschebilan vum Projet '“zesumme wuessen!” - Alphabetiséierung'

Tëschebilan vum Pilotprojet 'Zesumme wuessen! - Alphabetiséierung op Franséisch'
20/07/2023

An enger Pressekonferenz den 19. Juli 2023 huet den Educatiounsminister Claude Meisch iwwert de Verlaf vum Pilotprojet '“zesumme wuessen!” - Alphabetiséierung' informéiert.

De SCRIPT ass fir d’Koordinatioun vun dësem Projet zoustänneg an huet och den Internetsite alpha.script.lu developpéiert. Et handelt sech heibäi em e Projet-phare vum SCRIPT.

Säit September 2022 gëtt an enger Klass vun der Nelly Stein Schoul zu Schëffleng op Franséisch alphabetiséiert.

Fir d’Rentrée 2023-2024 starten an de Pilotschoulen (Schoul Uewerkuer aus der Gemeng Déifferdéng, Schoul Deich vun Diddeleng, Fielser Schoul an Nelly Stein Schoul vu Schëffleng) véier weider Klassen am éischte Joer vum Cycle 2, wou dann 53 Schüler op Franséisch liesen a schreiwe léieren.

D’Enseignanteën an d’Enseignanten aus de Pilotschoule gi weiderhi vun Enseignanteën an d’Enseignanten aus Schoule mat europäesche Programmer begleet an ënnerstëtzt. All Mount treffen si sech am Reseautage, fir sech ënnerteneen auszetauschen.

D’Formatiounen am Kader vum Pilotprojet ginn d’nächst Schouljoer fir all interesséiert Enseignanteën an d’Enseignanten op, donieft gëtt e Parcours de formatioun ënnert dem Format Blended learning vum IFEN ugebueden.

De Pilotprojet gëtt vum Luxembourg Center for Educational Testing (LUCET) evaluéiert a vun engem Conseil scientifique (Prof.Dr. Antoine Fischbach, Dr. Christine Hélot, Dr. Pierre Escudé, Prof.Dr. Claudia Polzin-Haumann, Dr. Marc Schmidt) begleet.

Interviewe vun Enseignanteën an d’Enseignanten an Elteren a vill weider Informatioune sinn op alpha.script.lu ze fannen.

 

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu