News

Levelup.lu ass online!

Levelup.lu ass online!
20/09/2023

'LevelUp' ass en neie Projet vum SCRIPT an Zesummenaarbecht mat ganz ville Partner, déi am Beräich vun der Educatioun ënnerwee sinn.

Zil ass eng koordinéiert Fërderung vu pedagogesch sënnvolle Concoursen an der Welt vun der Educatioun. Domat kënne Concourse gemengt sinn, déi et scho ginn, oder neier, déi de Wee an d’Grondschoulen an/oder d’Lycéeë fanne sollen.

'LevelUp' soll en Iwwerbléck iwwert national Concourse ginn, déi an der Schoulwelt schonn existéieren; dëst zum Beispill an de Beräicher vun de Sciencen, der Liesfërderung, de Sproochen, der Mathematik, der Beweegung, dem Entrepreneursgeescht oder an nach aneren Theemefelder.

'LevelUp' soll awer och eng méiglech Äntwert op déi reegelméisseg nei edukativ Schwéierpunkte vun der Bildungspolitik sinn. Rezent Beispiller sinn de Coding an duerno d’Computer Sciences oder och Nohaltegkeetsformatiounen, déi de Besoin vu Green Jobs an de Fokus setzen.

Nei u 'LevelUp' ass d’Méiglechkeet, datt um Schoul- resp. um Klassenniveau Concoursen organiséiert kënne ginn. Dës kënnen zu all Moment am Joer organiséiert ginn a 'LevelUp' stellt dem Léierpersonal eng Toolbox zur Verfügung, déi all déi néideg Dokumenter (Autorisatiounen, Reglementer, Certificaten...) regruppéiert.

Et gi verschidde Variante vu Schoulconcoursen:

  • autonom Concoursen;
  • encadréiert Concoursen;
  • 6 Wochen-Challengen.

Dës Fërderung vu Concourse gëtt op der enger Säit an der Grondschoul villfälteg a spilleresch opgestallt, fir déi grouss Bandbreet un Theemen ze weisen; op där anerer Säit gi fir de Lycée scho méi geziilt Concoursen ugebueden, déi Talenter stäerken an ausbaue sollen.

En aanere Pilier vu 'LevelUp' sinn d’Exzellenzinitiativen, déi eise beschte Jonken d’Méiglechkeet ginn, sech an hirem Beräich mat Jonken am Ausland ze moossen.

Zil muss sinn, datt 'LevelUp' an de Grondschoulen e Begrëff gëtt an datt d’Lycéeë Partner ginn, fir bei sech Talenter ze fërderen an den Zougang zu dësen Offerten ze vereinfachen.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu