News

Volle Programm op den 'EuroSkills 2023' zu Danzeg

Volle Programm op den'EuroSkills 2023' zu Danzeg
13/09/2023

Vum 6. bis den 8. September 2023 waren d’'EuroSkills', déi europäesch Beruffsmeeschterschafte vun de Jonken ënner 25 Joer, zu Danzeg a Polen.

Lëtzebuerg war mat enger Equipe vu 14 Kandidatinnen a Kandidaten an 12 verschiddene Beruffer ugetrueden.

Qualifizéiert hunn si sech duerch hiert Resultat bei den nationale Meeschterschaften, de 'LuxSkills', déi am Mee zejoert am Kader vun der éischter Editioun vu der nationaler Schoulfoire ('D’YEP-Schoulfoire') organiséiert goufen.

D’Lëtzebuerger Nationalekipp huet sech bei der Europameeschterschaft vun de Beruffer net just der professioneller Challenge stelle mussen. Et goung och em Zäit- a Stressmanagement, dem Schaffen an engem ongewinnten Ëmfeld an natierlech dorëms, dem Drock vun engem Concours standzehalen. An dat géint déi bescht Nowuesstalenter aus den europäesche Länner a virun den Ae vun Zéngdausende vu Visiteuren.

Ënnert de kriteschen Ae vun engem Jury aus internationalen Expertinnen an Experte goufen d'Aufgabe propper, fachgerecht an de Krittären entspriechend absolvéiert. D'Kandidatinnen a Kandidaten hunn awer natierlech och hiren eegenen Expert, mat deem si déi lescht Méint iwwer trainéiert an op dësen Event higeschafft hunn, un hirer Säit gehat.

D’Lëtzebuerger Equipe huet an der Breet e formidabelt Resultat mat Heem bruecht. A quasi all de Kompetitiounen hu si sech am gudde Mëttelfeld positionéiert an hunn reegelméisseg Natioune wéi Frankräich, Spuenien, England, Däitschland asw. hannert sech gelooss.

An zwee Concoursen ass et dann esou just net duergaange fir eng sou genannten 'Exzellenzauszeechnung' ze kréien. Beim Entrepreneurship-Concours a beim Automecanicien hunn duerno 5 respektiv 7 Punkte gefeelt; dat bei engem Score op 800!

 

Nieft de Kompetitiounen haten déi offiziell Delegatioun vu 'WorldSkills Luxembourg' an de SCRIPT och e volle Programm. Et goufe vill Invitéen zu Danzeg empfaange wéi z.B. vun de Beruffschamberen an aus Ministèren. Eng besonnesch Éier waren d’Visitte vum EU-Kommissär Nicolas Schmit an dem Ambassadeur vu Lëtzebuerg a Polen, dem Här Paul Schmit.

Donieft goufe Reuniounen ofgehale mat de VertriederInnen aus Däitschland, der Schwäiz an Éisterräich, wéi de Skills Movement nach besser an d’Beruffsausbildung kann integréiert ginn.

Zwee erfreelech Highlights gouf et wärend dem Concours och nach ze feieren: zum engen huet Lëtzebuerg kandidéiert a gepitcht fir d’Assemblée Générale vu 'WorldSkills Europe' zu Lëtzebuerg ausdroen ze kënnen a gouf mat 32 vun 32 Stëmmen zréckbehalen.

Donieft gouf den offizielle Memorandum of Understanding ënnerschriwwen, dee Lëtzebuerg an Däitschland d’Mandat gëtt, fir d’'EuroSkills 2027' auszeriichten.

 

 

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu