News

Equall.lu - alles sinn, alles ginn!

Equall.lu - alles sinn, alles ginn!
09/10/2023

'Equall' ass en neie Projet, dee vum SCRIPT, gemeinsam mam Ministère fir d’Gläichstellung vu Mann a Fra, op d'Been gestallt gouf.

Et geet drëm, op edukativ a spilleresch Manéier d’Stereotyppen tëscht Mann a Fra am Kontext vun der Beruffswiel opzelockeren.

D’Aarbechtsmaterial, dat am Kader vun dësem pedagogesche Projet ausgeschafft gouf, kann am Enseignement fondamental benotzt ginn, fir Geschlechter-Stereotyppen opzebriechen an nei Perspektiven duerch Opklärung ze schafen. D’Zil vun Equall ass et ze beweisen, datt eng Gläichberechtegung um Aarbechtsmarché méiglech ass, esou datt sech all Kand bewosst ka ginn, datt et alles sinn an alles gi kann.

Entdeckt eis Testimonial-Videoen, an deene Persounen hir Aarbecht presentéieren. Ob eenzel oder zesummen an der Klass; et kann errode ginn, wat déi Persounen am Alldag schaffen. Kënnt dir de Beruff vun enger Persoun erroden, ouni se ze kennen?

Donieft fënnt een nach eng Klischees-Këscht, wou Leit erklären, mat wéi enge Virurteeler si am Alldag an hirem Beruff ze kämpfen hunn.

  • Sidd Dir interesséiert mat engem Expert / enger Expertin am Beräich vu Gläichberechtegung tëscht Mann a Fra an der Klass ze diskutéieren? Da mellt Iech als Klass bei eis!
  • Sidd Dir am Alldag op Ärer Aarbechtsplaz, opgrond vun Ärem Geschlecht, mat Klischeeën a Kontakt? Da mellt Iech bei eis a gitt Deel vun der 'Equall'-Rei.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu