News

Kaligo – Eng digital Hëllef, fir schreiwen ze léieren

Kaligo – Eng digital Hëllef, fir schreiwen ze léieren
18/10/2023

De SCRIPT an de Centre pour le développement des apprentissages Grande-Duchesse Maria Teresa (CDA) presentéieren en neien Outil fir d’Schreiweléieren, deen de SCRIPT de Lëtzebuerger Schoule gratis zur Verfügung stellt: 'Kaligo' ass eng komplett an inklusiv Léisung, déi eng App fir um Tablet (Android an iOs) an eng Websäit kombinéiert, fir dass d’Kanner aus den Zyklen 1, 2 an 3.1 d’Schreiwe vu Buschtawen an Zuelen op eng flott a spilleresch Manéier léieren an übe kënnen.

D’App erlaabt et dem Kand, u säin Niveau ugepassten Übungen a sengem eegene Rhythmus ze léisen, andeems et d’Léisunge mam Stëft op den Ecran vum Tablett schreift.

Mat Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz gëtt d’App dem Kand eng Réckmeldung an déi néideg Hëllef beim Schreiwen. Si adaptéiert de Schwieregkeetsgrad vun den nächsten Aufgaben opgrond vun de Resultater, déi d’Kand beim Übe bis dohin erreecht huet.

D’Léierpersoun huet donieft Zougrëff op en Internetsite, op deem si de Kanner hir 'Kaligo'-Konten ariicht a geréiert, an deen hir op eng ganz iwwersiichtlech Manéier dobäi hëlleft, déi individuell Entwécklung vun all Kand aus der Klass am Bléck ze behalen, a fir all Kand differenzéiert Aufgaben ze ginn, jee no sengem Entwécklungsstand. D’Aufgabe kënnen entweder an der Schoul oder doheem geléist ginn.

D’Léierpersoun kann an der 'Kaligothek' op ganz vill verschidden Unterrechtseenheeten zréckgräifen an och neier erstellen, späicheren a mat Aarbechtskolleegen deelen.

Am Schouljoer 2023-2024 bitt den IFEN eng Rei Formatiounen un, déi der Léierpersoun den Ëmgang mat der 'Kaligo'-App kënnen erliichteren.

  • De Benotzerguide ënnen op der Säit gëtt e gudden Abléck an d’Funktioune vu 'Kaligo'.
  • Zousätzlech Informatiounen iwwer 'Kaligo' sinn och op www.kaligo-apps.com ze fannen.
  • Bei Froen zur 'Kaligo'-App kann ee sech u kaligo@cc-cda.lu wenden.
Fichiers à télécharger

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu