News

Webinaire um radio 100,7: 'Konsum, Cannabis & Co - Kanner a Jugendlech kompetent maachen'

Webinaire um radio 100,7: 'Konsum, Cannabis & Co - Kanner a Jugendlech kompetent maachen'
02/10/2023

De Webinaire 'Konsum, Cannabis & Co - Kanner a Jugendlech kompetent maachen' geet en Dënsteg, de 17. Oktober 2023 vu 14:00 bis 15:30 Auer um radio 100,7 iwwert d’Antenn.

Reng theoretesch solle Kanner a Jugendlech net mat Substanze wéi Cannabis, Alkohol, Nikotin oder aneren Drogen a Beréierung kommen. Si sollten och e gesond Konsumverhalen entwéckelen, wat de Gebrauch vu soziale Medien, Handy, Tablett oder och nach d’Spillen online ugeet.

An enger Gesellschaft, an där et fir jonk Leit relativ einfach ass, souwuel u verschidden Aarte vun Drogen ze kommen, wéi och un aner Konsumgidder, déi – wann exzessiv genotzt – kënne schueden, ass et wichteg Kanner a Jugendlech soulaang wéi méiglech vu substanzgebonnenem an net-substanzgebonnenem Konsum ewechzehalen. Net just well de gesetzleche Kader et deels virschreift, mä villméi well et drëm geet, soulaang wéi méiglech kënnen eng konsumkompetent Entwécklung bei Kanner a Jugendlechen ze fërderen.

Wat versteet een ënner Konsumverhalen, a vu wéini u gëtt et e Problem? Wéi eng Formen u potentielle Gefore gëtt et? Wéi kann ech als Schoulmeeschter oder Joffer, respektiv als Professer oder Professesch gutt reagéiere wann ech mierken dass ee jonke Mënsch am Leed ass?

Iwwer verschidden Ulafplazen déi Hëllef bidden, de rechtleche Kader, an déi momentan Preventiounsmoossnamen diskutéieren an dësem Webinaire mat:

  • Debora Plein, Dr.rer.nat., Coordinatrice beim Service Bee Secure
  • Andreas König, Dr., Psycholog, Chargé de direction vum Zenter fir exzessiivt Verhalen (ZEV)
  • Daniela Dario, Attachée an der Direction générale du secteur de la jeunesse
  • Bob Zeimet, Suchttherapeut beim Service Impuls vu Solidarité Jeunes

De Webinaire adresséiert sech u jiddereen; wien en als Formatioun wëllt matmaache kann sech iwwer dëse Link umellen.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu