News

Zweet Editioun vun de 'Mir si raus'-Wochen

Zweet Editioun vun de 'Mir si raus'-Wochen
10/10/2023

Vum 9. bis de 27. Oktober 2023 ass déi zweet Editioun vun de 'Mir si raus'-Wochen.

All d’Klassen aus dem Fondamental kënne vum schéinen Oktober profitéieren, fir d’Schoul no baussen ze verleeën.

Um Site www.mirsiraus.lu fannen d’Enseignanteën an Enseignantë flott Aktivitéiten déi un de Plan d‘études gebonne sinn a ganz einfach dobausse kënne gemaach gi. D’Aktivitéite ginn an Zesummenaarbecht mat der Initiative Kanner virun d’Dir proposéiert.

All Klass déi hier Aktivitéit (déi vum Site oder eng nei Aktivitéit) dobaussen dokumentéiert an eis se op mirsiraus@men.lu eraschéckt, kritt e flotte Cadeau.

Weider Informatioune fannt Dir um Site www.mirsiraus.lu.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu