News

De Kleesche kënnt geschwënn!

De Kleesche kënnt geschwënn!
15/11/2023

D'Virfreed an d'Ongedold op den Nikolsdag iwwerbréckt een am beschte mat flotten Nikloslidder.

Ee Gléck, dass et där vill zu Lëtzebuerg an och op mimamu.lu ënnert dësem Link ginn. Vill Spaass beim Sangen a Spillen!

D'Ekipp vun de SCRIPT-Projeten 'mimamu (Mir maache Musek)' a 'makedra (Maach (k)een Drama)' huet och eng ganz Rei Lidder arrangéiert, déi zu dëser kaler Joreszäit passen. Dir kënnt se op mimamu.lu ënnert dësem Link lauschteren.

Op der Säit fannt Dir vill weider flott Iddie ronderëm d’Musek, sief et a Form vu Materialien oder och a Form vu Projeten, déi uechter d’Land lafen.

'mimamu' setzt sech a fir eng kulturell Bildung a Kulturvermëttlung, a fir d’Fërderung vu musikalesche Kompetenzen an Erliefnisser an der Schoullandschaft.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu