News

Formatioun 'Ech sinn de Chef vu mengem Kierper!'

Formatioun 'Ech sinn de Chef vu mengem Kierper!'
08/11/2023

Den 23. November 2023 tëscht 14:00 a 17:00 Auer organiséiert de SCRIPT an Zesummenaarbecht mam IFEN eng Formatioun zum Projet 'Ech sinn de Chef vu mengem Kierper!'.

Weider Formatioune sinn den 29. Februar an den 23. Mee 2024. D’Formatioun kann och an de Schoule selwer gehale ginn.

Umelle kann een sech ënnert dësem Link.

 

Méi zum Projet 'Ech sinn de Chef vu mengem Kierper!'

All Kand huet d’Recht, viru Gewalt an all hire Forme geschützt ze ginn, esou steet et am Artikel 19 vun der UN-Kannerrechtskonventioun.

D’Schoul spillt eng primordial Roll, wann et dorëms geet, fir d’Kanner fréi genuch a reegelméisseg ze stäerken an ze sensibiliséieren,  fir datt si léieren, iwwert hir eege Kierpergrenzen ze bestëmmen. Dës positiv Approche ass schlussendlech déi bescht Präventioun géint physeschen, psychologeschen a sexuelle Mëssbrauch.

De Präventiouns-Projet ‘Ech sinn de Chef vu mengem Kierper!’ gouf am Joer 2022 vum SCRIPT op d’Been gestallt fir géint physesch, psychesch a sexualiséiert Gewalt géint Kanner ze kämpfen.

De Projet gouf no zwou Pilotphasen a 14 Klassen (Juli an Oktober 2022) lancéiert. Wärend dem Schouljoer 2022-2023 hunn 52 Klassen (ëm déi 830 Schülerinnen a Schüler) aus de Cyclen 2 bis 4 vum Enseignement fondamental aus sechs Regionaldirektiounen vun dësem Projet profitéiert.

De Projet baséiert op sechs Prinzippien:

  1. Mäi Kierper gehéiert mir!
  2. Ech ënnerscheeden tëscht gudden, schlechten a komesche Beréierungen.
  3. Ech vertraue menge Gefiller.
  4. Ech däerf Nee soen!
  5. Ech ënnerscheeden tëscht gudden a schlechte Geheimnisser.
  6. Ech däerf a soll mir Hëllef siche goen.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu