News

Save the date: 'Foire fir Bildung fir nohalteg Entwécklung'

Save the date: 'Foire fir Bildung fir nohalteg Entwécklung'
07/11/2023

Déi 5. Editioun vun der 'Foire fir Bildung fir nohalteg Entwécklung (BNE)' gëtt de 26. Mäerz 2024 am Forum Geesseknäppchen vum SCRIPT, der Direction de la coopération au développement et de l'action humanitaire, dem Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an der Plateforme pour l’éducation à l’environnement et au développement durable organiséiert.

De ganzen Dag iwwer wäert den aktiven Austausch tëschent de verschiddensten Acteuren aus der formaler an non-formaler Educatioun an ONGen am Vierdergrond stoen, sief et duerch Stänn, déi déi ënnerschiddlechst pedagogesch Offeren am Beräich vun der nohalteger Entwécklung ubidden, duerch zertifiéiert Weiderbildungen, oder awer och Theememomenter, an deenen Erfarungen ausgetosch an nei Impulser fir pedagogesch Projete gesat kënne ginn.

An dësem Kader bidde mir och Iech d’Méiglechkeet, Är interessant Initiativen a Projeten am Beräich vun der Bildung fir Nohaltegkeet virzestellen.

Falls Dir wëllt aktiv ënnert där enger oder anerer Form un der 'BNE'-Foire 2024 deelhuelen, dann deelt ons wgl. Är Intentioun per Forms bis spéitstens de 6. Dezember 2023 mat.

Fir weider Froe kënnt Dir Iech u foire@bne.lu wenden.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu