News

Museksinstrumenter mat der Militärmusek entdecken

Museksinstrumenter mat der Militärmusek entdecken
18/12/2023

Am Juni 2023 war eng Ekipp vum SCRIPT zesumme mat enger Klass aus dem Cycle 4.2 aus der Dikricher Grondschoul bei der Militärmusek fir en Tournage vun engem flotte Film ronderëm d'Instrumenter.

Dëse Film steet elo an der Datebank vu www.mimamu.lu zur Verfügung fir an der Schoul ze notzen. Am Beräich 'Materialie fir d'Léierpersonal' op mimamu.lu fannen Enseignanteë /Enseignantë mat Zougang iwwer hiren IAM de ganze Film an ee vollstännegen, vu 'mimamu' ausgeschafften Dossier mat villsäitegem didaktesche Material.

Am Film vun insgesamt 35 Minutte besicht d'Klass d’Musekerinnen a Museker aus der Militärmusek an hirer Prouf. Nodeems si vum Dirigent den Opbau vum Orchester erkläert kruten, maachen si sech op d'Sich no den eenzele Museksinstrumenter, déi si jeeweils vun engem Member aus der Militärmusek op eng flott an ënnerhalsam Aart a Weis méi no bruecht kréien.

De Film besteet aus verschiddene Kapitelen, déi eenzel ausgewielt an an Etappen, oder awer all hannerteneen an der Klass gekuckt kënne ginn. D'Konzept an d'Froen, déi d'Kanner am Film un d'Musekerinnen a Museker stellen, goufen an der Klass vun de Kanner zesumme mat hirer Enseignante ausgeschafft. 

Villmools Merci un all déi, déi un dësem spannende Projet matgeschafft hunn!

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu