News

'Journées du livre et du droit d’auteur 2024 - FAIR mateneen ëmgoen': Schoulen, déi matmaachen

''
13/03/2024

De SCRIPT huet fir d’'Journées du livre et du droit d’auteur 2024' d'Aktioun 'FAIR mateneen ëmgoen' an de Grondschoulen an an de Lycéeë lancéiert.

Bei 'FAIR mateneen ëmgoen' geet et engersäits klassesch ëm d’Notioun vu Fair Play am Sport – 2024 ass jo e Joer vu villen internationale Kompetitiounen – an ëm e gutt Mateneen an deem Kontext.

Anerersäits geet et méi global ëm e gerecht Zesummeliewen, am Groussen an am Klengem, am direkten Ëmgang mateneen an och an de soziale Medien, an ëm den Asaz géint Ongerechtegkeet.

Dat alles si Facettë vum Theema, déi kënne bei de Journéeë behandelt ginn.

Eng 39 Grondschoulen an eng 14 Lycéeën huelen 2024 un der Aktioun 'FAIR mateneen ëmgoen' deel an hunn dat gemellt.

Si hunn deels scho ganz flott a villfälteg Programmer annoncéiert, déi vu Concoursen iwwer Liesungen, Atelieren, Ausstellungen a vill Aktivitéite soss ginn. Et geet deels ëm Fairness am Sport, awer och global ëm e gerechten Ëmgang mateneen an ëm Aspekter vun Ongerechtegkeet.

E grousse MERCI vum ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse (MENJE) un all Schoule fir d’Matmaache bei der Aktioun!

Grondschoulen

École fondamentale de la commune de Berdorf (Berdorf) / Biisser Schoul (Bissen) / Zentralschoul Buurschent (Bourscheid) / Schoulzenter Reiler (Clervaux) / Centre scolaire Grand-Duc Henri (Colmar-Berg) / École fondamentale Differdange-centre (Differdange) / École fondamentale Oberkorn (Differdange) / École Boudersberg (Dudelange) / École Strutzbierg (Dudelange) / Schoul Um Fräschepillchen (Ell) / École fondamentale Bruch (Esch-sur-Alzette) / École fondamentale Dellhéicht (Esch-sur-Alzette) / Centre pour le développement intellectuel Warken (Ettelbruck) / Am Kuebebongert (Feulen) / École d'Alzingen (Hesperange) / Schoul Jonglënster (Junglinster) / Schoul Widdem (Kayl) / Schoul Kielen (Kehlen) / Fielser Schoul (Larochette) / École fondamentale de la commune de Lenningen (Lenningen) / École fondamentale Beggen (Luxembourg) / École fondamentale Eich (Luxembourg) / École fondamentale Hamm (Luxembourg) / International School Michel Lucius (Luxembourg) / École de Mersch (Mersch) / École de Mondercange - bâtiment Mondercange (Mondercange) / École de Mondercange - bâtiment Pontpierre (Mondercange) /  École internationale Mondorf-les-Bains (Mondorf) / École fondamentale Am Sand (Niederanven) / Schoulcampus Noumer (Nommern) / Centre scolaire "Raoul Follereau" Koetschette (Rambrouch) / École Kleesebierg (Reckange/Mess) / École fondamentale de la commune de Rosport-Mompach (Rosport-Mompach) / Zentralschoul Remerschen (Schengen) / École Nelly Stein (Schifflange) / Ëlwenter Schull (Troisvierges) / Schoul um Kiemel (Wincrange) / École fondamentale Billek (Wormeldange-Flaxweiler, Syndicat scolaire Billek) / Centre scolaire "Parc Housen" (syndicat scolaire SISPOLO)

Lycéeën

Athénée de Luxembourg / Deutsch-Luxemburgisches Schengenlyzeum / École privée Marie-Consolatrice / École privée Fieldgen / École privée Sainte-Anne / Lycée Bel-Val / Lycée classique d’Echternach / Lycée classique de Diekirch / Lycée des Arts et Métiers / Lycée Ermesinde / Lycée Guillaume Kroll / Lycée Nic-Biever Dudelange / Lycée technique du Centre / Nordstadlycée

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu