< back
Am Mäerz war d'Ekipp vu 'mimamu (Mir maache Musek)' beim Institut de formation de l'Éducation nationale (IFEN) zu Walfer am Sall 'Eduscène' installéiert, fir do e bëssi méi aussergewéinlech Museksatelieren ubidden ze kënnen.
Hei gouf getrommelt, dirigéiert an awer och mat ongewéinlechen Instrumenter musizéiert a Musek gelauschtert.
D'Klasse waren um Enn all frou de Wee op Walfer op sech geholl ze hunn. Net nëmmen si, mee och hir Enseignanten/ Enseignanteën hu vill Neies kennegeléiert a flott Iddie fir déi kommend Museksstonne gesammelt.