News

'makedra PLAY Tutorials': Videoe vu Schüler fir Schüler

''
29/04/2024

Am Laf vum éischten an zweeten Trimester vun dësem Schouljoer 2023-2024, huet d’Equipe vu 'makedra (Maach (k)een Drama) zesumme mat de Zykle 4.1 aus der Grondschoul Cécile Ries vu Miersch un der Produktioun vun den éischte 'makedra PLAY Tutorials' geschafft.

D’makedra PLAY Tutorials' si Videoen aus dem theaterpedagogesche Beräich, déi all Léierpersoun an hirer Klass fräi notze kann. Esou solle bestoend an och nei Materialien (Drama Fichen) vu 'makedra' de User a Userinnen nach mei einfach zougänglech gemaach ginn.

Och soll d’Zil sinn, dës konschtpedagogesch Schlësselkompetenzen nees mat zréck an d’Klass, nees mat zréck an de Schoulalldag ze huelen an allgemeng Soft Skills ze fërderen a soumat laangfristeg a villschichteg Léierziler ustriewen.

Déi éischt néng 'makedra PLAY Tutorials', sou wéi och den Trailer an Interviews zum Projet, sinn op www.makedra.lu fir all eis User a Userinnen disponibel.

Am kommende Schouljoer 2024-2025 kënne Klassen aus dem Enseignement fondamental sech no der Rentrée am Hierscht melle fir un der Produktioun vu weidere 'makedra PLAY Tutorials' ze schaffen.

Merci all de Schülerinnen a Schüler vu Miersch, sou wéi och der Enseignante Sylvia Napoli an den Enseignantë Jeff Elcheroth an Oli Frisch fir hir Participatioun um Projet, hiren Engagement an hir Disponibilitéit.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu