News

Projet 'Plan d’études 2025': Aktuelle Stand

''
28/05/2024

Lies hei méi doriwwer, wat momentan am Projet 'Plan d’études' esou lass ass!

 

Kick-off vun den Aarbechtsgruppe fir den neie Plan d’études

De 14. Mee 2024 sinn déi nei rekrutéiert Membere vun den Aarbechtsgruppen op Walfer ageluede ginn, dëst fir den offizielle Kick-off vum Iwwerschaffe vum Plan d’études.

Déi fënnef Aarbechtsgruppe bestinn aus jeeweils zwee Coordinateuren/Coordinatricen a véier bis sechs Memberen. Si sinn thematesch opgestallt: Sproochen; Mathematik; Geeschtes- Sozial- an Naturwëssenschaften; Beweegung a Gesondheet; Konscht a Kultur.

De Kick-off war d’Geleeënheet fir d’Madame Francine Vanolst, Chef vun der Direction générale de l’Enseignement fondamental a fir den Här Luc Weis, Direkter vum SCRIPT, fir déi nei Mataarbechter/Mataarbechterinne wëllkomm ze heeschen an hinnen en éischten Abléck an hir zukünfteg Missiounen ze ginn. Den Här Halldor Halldorsson, Responsabel vun der Curriculumsdivisioun, huet de Werdegang vun dësem Projet an d’Zäitschinn vun den nächste Méint a Jore virgestallt.

Duerno haten all d’Mataarbechter/Mataarbechterinne vun den Aarbechtsgruppen d’Méiglechkeet, sech an Ateliere kennenzeléieren an éischt Gedanken iwwert de Plan d’études auszetauschen.

Eng vun den éischte Missioune vun den Aarbechtsgruppen, déi ab der Rentrée 2024 lassleeën, wäert et sinn, d’Finalitéite vun hirem jeeweilege Léier- an Entwécklungsberäich fir all Cycle ze definéieren, a sech dobäi op d’Avise vun de Programmkommissiounen ze baséieren.

Si wäerte bei all hiren Aarbechte vun der Rumm, dem zukünftege Plan-cadre vum Plan d’études, guidéiert ginn. Opbauend ginn d’transversal an d’fachspezifesch Theemen, d’Progressiounen, déi pedagogesch an didaktesch Prinzippien an all weider Elementer vun de Léier- an Entwécklungsberäicher, passend zu de kognitiven Entwécklungsphase vun de Kanner, fir all Beräich definéiert.

De Kick-off gouf mat engem gemittleche Patt ofgeschloss, wou sech gemeinsam op dës spannend a motivéierend Missioune gefreet ginn ass.

 

Webinaire um radio 100,7

Dënschdes, den 18 Juni 2024, wäert vu 14:00-15:30 Auer ee Webinaire iwwert de Projet 'Plan d’études' um radio 100,7 an am Stream op www.100komma7.lu iwwerdroe ginn.

Dëse Webinaire gëtt vum SCRIPT an Zesummenaarbecht mam Institut de formation de l’Éducation nationale (IFEN) a mam Radio 100,7 op d’Bee gestallt. Iwwer dëse Link kanns du dech aschreiwen, fir live dobäi ze sinn an et als Formatioun unerkannt ze kréien.

Ween net live kann nolauschteren, kann d’Diskussioun herno iwwer d’Mediathéik vum radio 100,7 nolauschteren.

 

'Walk-through'

Bass du interesséiert, un engem 'walk-through' (ca. 2 Stonnen, Eenzelinterview) fir déi digital Plattform vum neie Plan d’études deelzehuelen? Dann mell dech iwwer curriculum@script.lu!

Et ass wichteg, dass den End-Utilisateur, nämlech d’Enseignanten/Enseignnteën, an enger ganz fréier Phase vun der Entwécklung vun dësem neien Outil mat agebonne gëtt.  Dofir organiséiert d’Ekipp vun der digitaler Plattform momentan sougenannten 'walk-throughs' a 'user stories' mat  Enseignanten/Enseignanteën uechter d’Land, déi net all digital-affin sinn. Sou kënnen alleguerten d’Besoine fir esou eng Plattform berücksichtegt ginn.

Wéi laang mir dës Walkthroughs nach ubidde kënnen, musse mir kucken – dofir mell dech elo, wann s du sécher matmaache wëlls!

 

Interview mam Mike Engel

Mir hu mam Mike Engel iwwer d’Theemen 'Orientatioun am EF', 'Karrierefäegkeeten an der Grondschoul' a 'Schoulesch Evaluatioun' geschwat. Wann s du dësen Interview wëlls liesen, kanns du dat hei maachen.

 

Schreif dech gären iwwer dëse Link an eisen Newsletter vum Projet 'Plan d’études' an, fir up to date ze bleiwen!

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu