News

'“zesumme wuessen!”- Projet Alpha': Visitt vun den Deputéierte vun der Bildungskommissioun an der Nelly Stein Schoul

''
11/06/2024

Nodeems '“zesumme wuessen!” - Projet Alpha' den 23. Mee 2024 an der zoustänneger Chamberkommissioun virgestallt gouf (Video ënnert dësem Link, ab 0:46:47), konnten d’Deputéiert sech de 7. Juni 2024 zu Schëffleng an der Nelly Stein Schoul informéieren, wéi de Pilotprojet um Terrain ëmgesat gëtt.

No de Visitten an de Klasse vum Cycle 1 a Cycle 2 haten d’Membere vun der Bildungskommissioun d’Geleeënheet, sech mat de jeeweilegen Titulaire de classe an der I-EBS (Institutrice spécialisée dans la scolarisation des élèves à besoins éducatifs spécifiques) auszetauschen.

Säit September 2022 gëtt an enger Klass vun der Nelly Stein Schoul zu Schëffleng op Franséisch alphabetiséiert.

Fir d’Rentrée 2023-2024 hunn an de Pilotschoulen (Schoul Uewerkuer aus der Gemeng Déifferdéng, Schoul Deich vun Diddeleng, Fielser Schoul an Nelly Stein Schoul vu Schëffleng) véier weider Klassen am éischte Joer vum Cycle 2 gestart, wou dann 53 Schüler op Franséisch liesen a schreiwe léieren.

Méi Informatiounen iwwert de Projet sinn um Internetsite alpha.script.lu ze fannen.

 

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu