Actualités

E Colloque iwwert de 'Reenert' wärend de Walfer Bicherdeeg

E Colloque iwwert de 'Reenert' wärend de Walfer Bicherdeeg
08/11/2022

Am Kader vum 150ten Anniversaire vum Michel Rodange sengem 'Reenert' a vun de Walfer Bicherdeeg, organiséiert de SCRIPT zesumme mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) an Zesummenaarbecht mam Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch, de Colloque 'Reenert'.

Den Educatiounsministère/ SCRIPT huet eng nei kommentéiert Schouleditioun vum Michel Rodange sengem 'Reenert', erausbruecht (méi Informatioune ginn et ënnert dësem Link).

D'Evenement ass freides, den 18. November 2022 vu 14:00 bis 18:00 Auer am Auditoire zu Walfer um eduPôle, 28, Route de Diekirch, am Gebai VIII, Sall Nummer (B08-E00-005) an adresséiert sech u jiddereen.

Et kommen eng Partie Experten zu Wuert, déi zum Beispill op d’Biografie vum Michel Rodange, den historeschen Hannergrond vum 'Reenert', de 'Reenert' am Zweete Weltkrich, de Vocabulaire vum Eepos, déi englesch Iwwersetzung dovun an op d’Illustratioun vun der neier Editioun aginn.

  • De Colloque ass op Lëtzebuergesch a gëtt live iwwerdroen op www.rtl.lu.
  • D’Participatioun ass gratis, eng Umeldung ass erwënscht iwwer Mail op lux@men.lu.
  • Enseignanten an Enseignanteë fannen de Colloque och am Katalog vum Institut de formation de l'Éducation nationale ënnert dësem Link.

Programm

14:00 Auer: Begréissung duerch den Educatiounsminister Claude Meisch an de Buergermeeschter vu Walfer François Sauber

14:10 Auer: Aféierung: De Romain Kohn, Coordinateur vum 'Reenert'-Projet, situéiert de 'Reenert' an der Lëtzebuerger Literaturgeschicht

14:30 Auer: Biografie vum Michel Rodange – Jean-Luc Schleich, Éierebuergermeeschter vun der Gemeng Waldbëlleg, der Heemechtsgemeng vum Michel Rodange

15:05 Auer: Den historesche Background vum 'Reenert' – Mohamed Hamdi, Historiker

15:40 Auer: D’Illustratiounen am neie 'Reenert' – Mia Kinsch, Graphic Designer

16:15 Auer: De Vocabulaire am 'Reenert' – Sam Mersch, Sproochhistoriker am ZLS

16:50 Auer: De 'Reenert' am Zweete Weltkrich, bei Léon Moulin a Francis Steffen – Siggy Helbach, Luxemburgist

17:25 Auer: D’Iwwersetzung vum 'Reenert' op Englesch – Jeff Thill, Auteur vun der Iwwersetzung

18:00 Auer: Ofschloss a Patt

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu