< retour
Am Kader vum 150ten Anniversaire vum Michel Rodange sengem 'Reenert' a vun de Walfer Bicherdeeg, organiséiert de SCRIPT zesumme mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) an Zesummenaarbecht mam Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch, de Colloque 'Reenert'.
Den Educatiounsministère/ SCRIPT huet eng nei kommentéiert Schouleditioun vum Michel Rodange sengem 'Reenert', erausbruecht (méi Informatioune ginn et ënnert dësem Link).
D'Evenement ass freides, den 18. November 2022 vu 14:00 bis 18:00 Auer am Auditoire zu Walfer um eduPôle, 28, Route de Diekirch, am Gebai VIII, Sall Nummer (B08-E00-005) an adresséiert sech u jiddereen.
Et kommen eng Partie Experten zu Wuert, déi zum Beispill op d’Biografie vum Michel Rodange, den historeschen Hannergrond vum 'Reenert', de 'Reenert' am Zweete Weltkrich, de Vocabulaire vum Eepos, déi englesch Iwwersetzung dovun an op d’Illustratioun vun der neier Editioun aginn.
14:00 Auer: Begréissung duerch den Educatiounsminister Claude Meisch an de Buergermeeschter vu Walfer François Sauber
14:10 Auer: Aféierung: De Romain Kohn, Coordinateur vum 'Reenert'-Projet, situéiert de 'Reenert' an der Lëtzebuerger Literaturgeschicht
14:30 Auer: Biografie vum Michel Rodange – Jean-Luc Schleich, Éierebuergermeeschter vun der Gemeng Waldbëlleg, der Heemechtsgemeng vum Michel Rodange
15:05 Auer: Den historesche Background vum 'Reenert' – Mohamed Hamdi, Historiker
15:40 Auer: D’Illustratiounen am neie 'Reenert' – Mia Kinsch, Graphic Designer
16:15 Auer: De Vocabulaire am 'Reenert' – Sam Mersch, Sproochhistoriker am ZLS
16:50 Auer: De 'Reenert' am Zweete Weltkrich, bei Léon Moulin a Francis Steffen – Siggy Helbach, Luxemburgist
17:25 Auer: D’Iwwersetzung vum 'Reenert' op Englesch – Jeff Thill, Auteur vun der Iwwersetzung
18:00 Auer: Ofschloss a Patt