< back
E puer Deeg virun der éischter nationaler Schoulfoire ('YEP-Schoulfoire'), déi vum 2. bis de 4. Mee 2022 an der LUXEPO stattfënnt, steet beim nächste Webinaire vum SCRIPT a vum radio 100,7 d’Orientatioun an der Educatioun am Mëttelpunkt.
Den 28. Abrëll vu 14:30 bis 16:00 Auer schwätzen eng Expertin an dräi Experten am Studio iwwer d'Schoulorientatioun am Enseignement fondamental, am Enseignement secondaire an an der Beruffsausbildung.
D’Emissioun bitt ausserdeem d’Geleeënheet fir gewuer ze ginn, wat d’Offer op der Schoulfoire wäert sinn. En plus sinn Analyse vun enger Rei Expertinnen an Experten zu verschiddene Facette vum Thema ze héieren.
Invitéen am Studio sinn:
Op de Livestream vun der Emissioun kënnt een iwwer den Internetsite www.100komma7.lu.
D’Nolauschterer hunn d’Méiglechkeet am Virfeld, an och wärend dem Webinaire, hier Froen iwwert E-mail (fro@webinar.lu) oder WhatsApp (+352 621440044) eranzereechen.
D’Participatioun vun Enseignante um Webinaire gëtt vum Institut de formation de l'Éducation nationale (IFEN) als Formatioun unerkannt. Aschreiwe kann een sech ënnert dësem Link.