Actualitéiten

Webinaire: Orientatioun an der Educatioun – en Abléck an déi éischt national Schoulfoire

Webinaire um radio 100,7: Orientatioun an der Educatioun – en Abléck an déi éischt national Schoulfoire
21/04/2022

E puer Deeg virun der éischter nationaler Schoulfoire ('YEP-Schoulfoire'), déi vum 2. bis de 4. Mee 2022 an der LUXEPO stattfënnt, steet beim nächste Webinaire vum SCRIPT a vum radio 100,7 d’Orientatioun an der Educatioun am Mëttelpunkt.

Den 28. Abrëll vu 14:30 bis 16:00 Auer schwätzen eng Expertin an dräi Experten am Studio iwwer d'Schoulorientatioun am Enseignement fondamental, am Enseignement secondaire an an der Beruffsausbildung.

D’Emissioun bitt ausserdeem d’Geleeënheet fir gewuer ze ginn, wat d’Offer op der Schoulfoire wäert sinn. En plus sinn Analyse vun enger Rei Expertinnen an Experten zu verschiddene Facette vum Thema ze héieren.   

Invitéen am Studio sinn: 

  • de Luc Weis, Direkter vum SCRIPT, ee vun den dräi Organisateure vun der Schoulfoire;
  • d’Véronique Schaber, Directrice vun der Formation professionelle am Educatiounsministère a fréier Direktesch vum Lycée des Arts et Métiers, e weideren Organisateur;
  • de Gil Belling, Präsident vu 'Worldskills Luxembourg', an techneschen Delegéierte fir Lëtzebuerg bei nationalen an internationale Beruffsconcoursen an drëtten Organisateur vun der Schoulfoire;
  • de Romain Nehs, Chef de service de l’enseignement secondaire am Educatiounsministère.

Op de Livestream vun der Emissioun kënnt een iwwer den Internetsite www.100komma7.lu.

D’Nolauschterer hunn d’Méiglechkeet am Virfeld, an och wärend dem Webinaire, hier Froen iwwert E-mail (fro@webinar.lu) oder WhatsApp (+352 621440044) eranzereechen.

D’Participatioun vun Enseignante um Webinaire gëtt vum Institut de formation de l'Éducation nationale (IFEN) als Formatioun unerkannt. Aschreiwe kann een sech ënnert dësem Link.

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu