Actualités

Bilan vun der ‘Foire vun der Bildung fir nohalteg Entwécklung’

Bilan vun der ‘Foire vun der Bildung fir nohalteg Entwécklung’
02/05/2022

Em déi 250 Participanten hunn sech am Kader vun der 3. Editioun vun der ‘Foire vun der Bildung fir nohalteg Entwécklung’ den 23. Abrëll 2022 op ronn 60 Stänn am Centre Culturel An der Eech zu Leideleng ausgetosch.

Fir déi offiziell Ouverture waren de M. Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend an de M. Franz Fayot, Minister fir Ekonomie an Entwécklungshëllef present.

De SCRIPT huet bei dësem Evenement seng Haaptprojeten am Beräich vun der Bildung fir nohalteg Entwécklung ‘Léieren am Gaart’, ‘Sustainable Entrepreneurial Schools’, ‘Fuerschen Dobaussen (FUDO)’, ‘Öko-check’ an ‘Global Citizenship Education’ virgestallt.

Den Institut de formation de I’Éducation nationale (IFEN) huet säin neit ‘F.use’-Konzept, esou wéi eng spannend Selektioun vu Bicher (am PDF-Dokument ënnen op der Säit) presentéiert. D’Maison de l’orientation huet iwwert zukünfteg Beruffer am Beräich vun der Nohaltegkeet informéiert. Den Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) huet säi Projet ‘Léieren duerch Engagement’ ervirgehuewen.

Donieft waren och nach ënner anerem de Service national de la Jeunesse (SNJ), de Musée national d’histoire naturelle (MNHN), d’Superdreckskëscht, Natur an Emwëlt an d’Administration de la nature et des forêts op der Foire vertrueden.

Fir lokaalt, saisonaalt a vegaant Iessen huet Restopolis gesuergt.

D’Enseignanteën /Enseignanten an d’Educatricen /Educateure konnte vun 9 Weiderbildungen, déi um Site selwer an op engem Bauerenhaff vis-à-vis gehale goufen, profitéieren. Dës Formatioune goufe vum IFEN zertifiéiert.

D’‘Foire vun der Bildung fir nohalteg Entwécklung’ gouf vum SCRIPT zesumme mat der Direction de la coopération au développement et de l'action humanitaire, dem Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an der Plateforme pour l'éducation à l'environnement et au développement durable organiséiert.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu