Actualitéiten

Journées du livre et du droit d’auteur 2022: mellt Iech elo un!

Journées du livre et du droit d’auteur 2022: mellt Iech elo un!
07/12/2021

D’Journées du livre et du droit d’auteur ginn tëscht dem 18. an dem 22. Abrëll 2022 organiséiert. Dës Editioun steet ënnert dem Motto D’Liewen ass faarweg.

D’Evenement riicht sech un d’Schüler aus dem Enseignement fondamental. Matmaache kann een als Klass, Zyklus oder ganz Schoul.

Ëm wat geet et?

Faarwe sinn omnipresent a wichteg an eisem Liewen. Si monteren eis op, si vermëttele wéi et eis geet, beaflossen eis Laun a bréngen Ofwiesslung an eist Liewen. Vill Mënschen hunn och eng Liblingsfaarf. Faarwen definéiere Joreszäiten, si hunn eng Symbolik – deels ënnerschiddlech a verschidde Kulturen – a si bestëmme Liewensraim.

An der Konscht si se extrem wichteg, mol mat ganz villen a kräftege Faarwen, mol ganz duuss oder nëmme mat enger oder zwou Faarwen oder awer mat ganz villen Nuancen. Duerch Faarwe kënne Kënschtler Gefiller auszedrécken, eng Atmosphär kreéieren, Andréck verschaffen a Messagë vermëttelen. 

Och am iwwerdroene Sënn gëllt déi positiv Approche zu Faarwen an Nuancen: e Reebou ze gesinn empfanne mir als e schéine Moment. Diversitéit a Multikulturalitéit maachen eis Welt villfälteg, faarweg a spannend. Mënsche vu verschidde Kulturen an aus ville Länner, Mënsche mat aneren Orientéierungen oder Iwwerzeegunge beräicheren eis. Déi Ënnerscheeder ginn awer net ëmmer an iwwerall positiv gesinn – et goufen a gi Leit z.B. wéinst hirer Hautfaarf ongerecht behandelt.

Wéi eng Bicher kann een notzen?

Dir fannt am PDF-Dokument ënnen op der Säit eng Bibliographie mat Kannerbicher, déi verschidde Facette vum Thema weisen. Vill aner Bicher zum Thema sinn awer ganz sécher och an de Schoulbibliothéiken ze fannen.

Wéi kann ee matmaachen?

D’Schoulen, déi matmaachen, ginn am Courrier de l‘Éducation nationale 04/2022 ernimmt.

Umëlle kann een sech iwwert de Schoulbibliothecaire mam Onlineformulaire bis den 11. Mäerz 2022.

Kontakt: anne-marie.antony@men.lu / anne.biesdorf@men.lu

Méi Informatiounen a konkret Iddie fir d'Journées du livre et du droit d'auteur fannt Dir am PDF-Dokument Journées du livre et du droit d'auteur 2022:  Modalitéiten ënnen op der Säit. 

 

De SCRIPT offréiert Bicherbongen un d’Schoulen, déi participéieren.

Mir wënsche vill Freed bei den Aktivitéiten a soen elo scho Merci fir d’Matmaachen.

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu