Actualitéiten

Foire vun der Bildung fir nohalteg Entwécklung

Foire vun der Bildung fir nohalteg Entwécklung
19/04/2022

Den 23. Abrëll 2022 fënnt déi 3. Editioun vun der ‘Foire vun der Bildung fir nohalteg Entwécklung’ tëscht 9:00 a 16:00 Auer zu Leideleng am Centre Culturel An der Eech statt.

Organiséiert gëtt dëst Evenement vum SCRIPT zesumme mat der Direction de la coopération au développement et de l'action humanitaire, dem Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an der Plateforme pour l'éducation à l'environnement et au développement durable.

Vill ONGen, déi am Beräich vun der Bildung fir nohalteg Entwécklung thematesch ënnerwee sinn, stellen hir pedagogesch Offer vir. Donieft presentéieren déi verschiddenst Acteuren aus der formaler an non-formaler Bildung eng ganz Rei vu flotten an originelle pedagogesche Projeten am Beräich vun der Nohaltegkeet.

Déi offiziell Ouverture ass um 11:00 Auer, zesumme mat der Mme Carole Dieschbourg, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, dem M. Franz Fayot, Minister fir Ekonomie an Entwécklungshëllef an dem M. Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend.

Deen Dag ginn och verschidden, vum Institut de formation de l’Éducation nationale (IFEN) zertifiéiert Weiderbildungen aus dem Beräich vun der Bildung fir nohalteg Entwécklung fir Enseignanten aus dem Enseignement fondamental a secondaire a fir Educateuren ugebueden:

Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt mam 'Food4Future'-Foodtruck vu Restopolis, dee vun 12:00 bis 14:30 Auer op ass.

Weider Informatioune ginn et am Programm ënnen op der Säit.

De SCRIPT huet en Dokument mat Bicher ronderëm d'Thema vun der Nohaltegkeet an dem Ëmweltschutz opgestallt. Dëst ass och ënnen op der Säit ze fannen ('Auswahlbibliographie mit Kinder- und Jugendbüchern').

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu